Et ass ëmmer nach net ganz vill gewosst iwwer den Dronen-Episod vum Weekend um Findel - ausser datt Dronen do geflu sinn, an datt se de Loftverkéier eng Zäit laang blockéiert hunn. Mee wou déi Dronen hierkoumen, wien se gesteiert huet, wéi grouss a wéi geféierlech se waren: All déi Froe sinn ëmmer nach net gekläert. Oder et gëtt einfach net driwwer kommunizéiert.
Wéi gesinn d’(Fliger-)Piloten déi Gefor, mat där si neierdéngs konfrontéiert sinn, an dat méiglecherweis vun elo un och ëmmer méi dacks? Doriwwer huet de Maurice Molitor mam Paul Reuter geschwat. Hien ass Pilot bei der Luxair, Comitésmember vun der Lëtzebuerger Piloten-Associatioun ALPL a Vize-President vun der European Cockpit Association.