All Joers sinn op der ganzer Welt Millioune vu Leit um Dill fir sech enger gelleger Erausfuerderung hin ze ginn, an zwar e Marathon ze lafen. Paräis oder New York, Tokio oder Berlin, London oder Sydney, Boston oder de Nuetsmarathon zu Lëtzebuerg, et sinn duerchtrainéiert Spëtzenathlete mee awer och Hobby-Leefer déi un hir mental Grenze ginn an déi selwecht Obsessioun hunn. Et ass eng ultimativ kierperlech Challenge, déi scho bal historesch Distanz ze lafen - eng droleg präzis, scho bal absurd Distanz vun 42 Kilometer an 195 Meter.
An dofir déi gutt Fro vun haut: Firwat ass e Marathon genee 42 Kilometer an 195 Meter laang a keng ronn Distanz? Dir hutt Iech dat vläit scho gefrot an dat beschäftegt och de Jean Claude Majerus. Firwat keng 40 oder 42 Kilometer mee déi aner bosseg Distanz?