Et ass eng Situatioun déi dir bestëmmt alleguerte kennt: dir sidd oder besser dir stitt op der Autobunn am Stau, wat hei zu Lëtzebuerg, ausser an der Vakanzenzäit, moies an owes en Dauerzoustand ass. Dir stuerkt op den Auto virun Iech, d’Bremsluuchte blénke schéi rout, et steet alles an et geet a geet a geet net weider. Op eemol kuckt dir dann eriwwer op déi aner Spuer op der Autobunn an do rullt et op eemol. An domadder si mer da beim Jean Claude Majerus senger gudder Fro vun haut. Firwat leeft de Verkéier op der Spuer niewendrun ëmmer besser wéi op där Säit wou dir am Stau stitt?
Wann dir nächste Kéier am Stau stitt, dann otemt e puer Mol ganz déif. Lauschtert e bësse Musek an sot iech einfach, de Stau ass just eng optesch Illusioun. Mee bleift am beschten op ärer Spuer an esou fuert dir gemittlech ärer Destinatioun entgéint.