Egal op een a senger Fraizait gär Sport mécht, en Instrument spillt oder sech leiwer sozial engagéiert: Praktesch all d’Klibb, an Organisatiounen, déi esou Aktivitéiten ubidde, fonktionnéiere just wann et genuch Fraiwëlleger gett, dei sech bei hinnen engagéieren - mee vill Klibb di sech mëttlerweil schwéier där genuch ze fannen.
A genee doru wëllt d’Agence du Benevolat eppes änneren. Si probeiert Leit, dei sech fraiwelleg wëllen engagéieren, dohinn ze vermëttelen, wou se gebraucht ginn. De Rick Mertens huet sech mat der Chargé dr Direction vun der Agence, der Anne Hoffmann ënnerhalen, a gefrot, wéi et dann dem Benevolat hei am Land geet?