Kuelenhydrater a Form vu Weess, Räis, Gromperen, Quinoa, Wëllkar: All dës Produite stinn am Fokus an der Serie "Vital" um Radio 100,7 wärend der Ouschtervakanz.
Vollkarproduite ginn dacks vernoléissegt, obwuel se räich u wichtegen Närstoffer sinn an eis viru chronesche Krankheete schütze kënnen.
Firwat solle mir se iwwerhaapt iessen? Erklärunge ginn et vun der Ernärungsberoderin Lis Muller.