Cagouléiert Brigangen si mat Hëllef vun engem Miwwel-Lift an de renomméierte Musée agebrach, an hu bannent e puer Minutten historesch Bijouen am Wäert vun 88 Milliounen Euro geklaut!
Dee filmräifen Tëschefall wërft Froe ronderëm d'Sécherheet an de franséische Muséeën op.
Mee wéi gesäit et eigentlech hei am Land aus? D'Paule Rodesch war bis an den Nationalmusée op de Fëschmaart an huet do d'Direktesch Tania Brugnoni fir t’éischt emol gefrot, op d’Nouvelle aus dem Louvre si als Muséesdirektesch selwer nervös mécht?