„Ohne Musik wäre das Leben ein Irrtum.“ Dat sot de Friedrich Nietzsche. Den däitsche Philosoph ass fir seng dacks provokant Theme wéi Relioun, Moral a Sënn vum Liewe weltbekannt.
Manner gewosst ass awer datt hien och eng déif Verbannung zu der klassescher Musek hat. Hien huet déi nämlech als essenziell fir d'Liewe gesinn. Hie war awer net nëmme passionéiert vun der klassescher Musek, mee war selwer och nach Komponist a Pianist. Vill vu senge Wierker si beaflosst vum Beethoven, Mozart a Schubert. Aner Komponiste wéi de Gustav Mahler an den Arnold Schönberg hunn awer och dem Nietzsche seng Iddien opgegraff an hire Wierker. Den Nietsche hat also net nëmme vill Virbiller an der Musek, mee och vill Fans.