Episoden
Editioun 07:15
Wéi analyséieren déi eenzel Presseorganer d'Ried vum Premier zum etat de la nation, eng Äntwert dorop gëtt an der Presservue
Wat brauch d'EU haut, Viviane Reding?
D'CSV-Politikerin, déi dräi Mol EU-Kommissärin war, krut gëschter den Uerde fir Europäesch Meritten iwwerreecht. Mir froen si: Wat feelt der EU haut, wat se fréier hat?
Sam Tanson, wat waren d'Stäerkten an d'Schwächten an der Ried vum Premier?
Mat der Cheffin vun de gréngen Deputéierten an der Chamber gi mir op d'Ried zu Lag vum Land an. Wat hätt si anescht gemaach?
Analys nom Etat de la Nation: "Regierung a Premier wierke geschwächt"
De Premier Luc Frieden huet éischter zréckgekuckt wéi no vir. An dobäi huet hie geschwächt gewierkt, esou d'Analys vum 100,7-Chefredakter
Editioun 07:15
Wéi analyséieren déi eenzel Presseorganer d'Ried vum Premier zum etat de la nation, eng Äntwert dorop gëtt an der Presservue
European Testing Week vun der Croix Rouge
Wärend der Testing Week kann een sech op verschidde Krankheeten teste loossen déi iwwert sexuell Relatiounen oder iwwert eng Sprëtz iwwerdrobar sinn
D'Endlechkeet a Wieder faassen
D'Myriam Schmit ass zanter Kuerzem Trauerriednerin. Wéi ass et dozou komm, wéi geet si mam Doud ëm, a wéi fënnt een déi richteg Wieder fir enger Persoun gerecht ze ginn?
Klima-Adaptatiounsplang: Lëtzebuerg op déi néi Realitéite virbereeden
Fir Lëtzebuerg konkret op d’Klimaverännerungen virzebereeden huet de Regierungsrot Enn Abrëll de Klima-Adaptatiounsplang ugeholl, deen iwwer déi lescht Méint ausgeschafft gi ass
Editioun 7:15
D‘Zeitunge vun haut stinn am Zeeche vum Etat de la Nation.
100.000 Euro fir d'Iddie vun de Bierger:innen
Ëmmer méi Gemenge maache positiv Erfarunge mam partizipative Budget – esou zum Beispill Diddeleng oder Fréiseng.
Marc Lauer, zukünftege President vum Patronatsverband UEL
Wat fir Annoncen erwaarden déi Lëtzebuerger Entreprise sech vum Premier Luc Frieden senger Ried zur Lag vun der Natioun?
Virum Etat de la Nation
Wat ass ze erwaarde vun der Ried vum Premier de Mëtteg an der Chamber? Kann hie virun der Tripartite konkret Annoncë maachen? De Maurice Molitor huet sech déi Froe gestallt.
Editioun 7:15
D‘Zeitunge vun haut stinn am Zeeche vum Etat de la Nation.
Lëtzebuerg zu Cannes: Vun der Palme d'Or zum Krisemanagement
De Jeff Schinker iwwert de Lëtzebuerger Dag um Festival de Cannes
Firwat scheitert Lëtzebuerg beim Gewässerschutz?
Lëtzebuerg huet bis ewell keent vun den Ziler vun der europäescher Waasserkaderdirektiv erreecht. Ee Gespréich mam Direkter vun der Waasserverwaltung Marc Hans.
En Nei-Ufank ënnert anerem Numm
D'Cavem mécht hir Dieren haut nees op. D'Luxembourg Music School huet d'Gebai zu Bouneweg iwwerholl. Mir froen den Direkter Ralf Trebing, op a wat sech zukünfteg ännert
Editioun 8h15
Eng ëmstridde Baugeneemegung zu Gilsdref an d'Gefor vu E-Scooteren - dat si Sujeten an der nationaler Press vun haut.
Observatoire social Diddeleng
E Rapport deen sech wéi eng Rëntge vu der Gemeng liese géif