Episoden
Editioun 8h15
A Saache Gewalt ronderëm de Schoulcampus zu Miersch gouf elo eng juristesch Enquête opgemaach an haut gëtt a Russland d'Urteel gesprach géint e belsche Frontalier.
Firwat huet d'Uni Lëtzebuerg nach kee Master am Droit Luxembourgeois?
D'Associatioun vun de Lëtzebuerger Droitsstudenten, d'ANELD, hält esou eng Formatioun fir néideg. Hire President Charel Bollig erkläert eis wisou.
Journalisteronn virun der Tripartite
Wat ass sech ze erwaarde vun de Verhandlungen tëschent Regierung, Patronat a Gewerkschaften, déi haut uginn? Mir froen d'Nadine Schartz vum Wort an de Pol Reuter vu Reporter.lu.
Lactalis vs. EKABE: De leschte Stand
Am 100,7-Interview kommentéiert d'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen déi neisten Entwécklungen am Dossier.
Editioun 7h15
Virun der éischter Tripartite-Sëtzung haut a muer maachen d'Zeitungen sech vill Gedanken, ënner anerem, ob genuch Suen do si fir e weidere Präisschock ofzefiederen.
Tripartite: de Fuerderungskatalog vun der Union syndicale
D'Gewerkschaftsunioun vun OGBL an LCGB geet haut mat zolitte Fuerderungen an d'Tripartite. D'Regierung krut de Katalog vu Revendicatiounen d'lescht Woch zougestallt.
Festival de l'enfance beschäftegt sech mat Alternativen zum Ecran
Handy an Tablett beaflossen de Kanner hir sozial, sproochlech a sportlech Kompetenzen. Dat war ee vun de grousse Messagen um Festival vun de Kanner.
Wéi eng Zukunft huet d'Mëllechproduktioun zu Lëtzebuerg?
Mir froen de President vun der Bauerenallianz Marco Koeune, nodeems d'Molkerei Ekabe ugekënnegt huet, datt se vum nächste Joer u keng Lëtzebuerger Mëllech méi wëllt kafen.
Stammzellespenden: Vill potentiell Donateuren decidéieren sech dergéint
D’Associatioun Don de Moëlle schwätzt vun engem gravéierende Problem, dee Mënscheliewen op d'Spill géif setzen. Wat sinn d'Grënn fir déi vill Refusen?
Editioun 8h15
D'Situatioun vun den Ekabe-Mëllechbauere gëtt analyséiert, Theema ass och d'Sécherheet vu Cattenom a wéi gutt oder schlecht dat neit Transparenzregëster funktionéiert.
Summervakanz: Gi wéinst dem Krich am Noen Oste manner Reese gebucht?
Mir hu beim Fernand Heinisch, dem President vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Reesagencen (ULAV), nogefrot,
Alex Schumann, President vum Industrielleverband FEDIL
Wéi staark ass d'Lëtzebuerger Industrie elo scho vun den héijen Energiepräisser betraff? Déi Fro stelle mir dem FEDIL-President éier muer d'Tripartite-Verhandlungen ufänken.
EU-Parlament kämpft géint de Phenomeen vum eidele Plenarsall
Nei intern Reegele solle méi EU-Deputéiert an d’Plenière lackelen. An dofir suergen, datt méi debattéiert gëtt. Et ass net deen 1. Versuch, deen an déi Richtung ënnerholl gëtt.
Editioun 7h15
Den LSAP-Co-President Georges Engel gehait dem Premier Luc Frieden fir, datt deen d'Land wéilt splécken an d'Gewerkschafte wollt eliminéieren.
De Bléck an d'Zeitungen
Spionéiert d'ADR fir Moskau a kann de Ben Streff dat liwweren, wat hie vun anere gefuerdert huet? Déi Froe sinn haut gestallt.
Wéi vill fëmmen d'Lëtzebuerger:innen?
Ronn een Drëttel vun den Awunner:innen iwwer 16 Joer fëmme reegelméisseg oder heiansdo - a gräifen dacks schonn a jonkem Alter zur Zigarett. Explikatioune vun der Fondation Cancer
Wéi setzt ee sech als Fra um Bauerenhaff duerch?
Am Kader vum internationale Joer vun der Fra an der Landwirtschaft hu mir bei der Christine Hoffmann vum Haff "A Schmatten" nogefrot, wéi si hiren Alldag erlieft