Episoden
Wéi grouss ass Är Virfreed op d'WM?
Déi Fro stelle mir dem techneschen Direkter vun der Fussballfederatioun Manuel Cardoni, 12 Stonne virum Ouverturesmatch tëschent Mexiko a Südafrika.
Divergenzen an der LSAP-Fraktioun
Deen neien LSAP-Deputéierte Ben Streff reagéiert op de Sträit ëm d'Positioun zum Asyl- a Migratiounspak - ausgerechent op sengem 1. Dag an der Chamber ...
Editioun 08:15
Optakt vun der Fussball-WM an de Claude Turmes mellt sech zeréck, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
"Net kohärent": D'COPAS kritiséiert d'Qualitéitskontroll fir Altersheemer
De President vum Daachverband vun den Altersheemer, de Pierre Jaeger, erkläert firwat hie sech méi kloer Krittäre bei de Kontrolle wënscht.
Gilles Roth, CSV-Finanzminister
Wéi grouss ass den Impakt vum Resilienzpak op d'Staatsfinanzen an op zukünfteg Projete wéi z. B. d'Steierreform?
Wéi wäit koume Kanada, d'USA a Mexiko bei de Fussball-WMe vun 1930 un?
De Bléck op dat historescht Ofschneiden, bis elo, vun den Organisateurslänner vun dëser WM bei deene virdrun ...
Editioun 07:15
Optakt vun der Fussball-WM an de Claude Turmes mellt sech zeréck, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
Wann d'Chamber sech muss fläissen
Ëmmer méi dacks gi Gesetzer mat immensem Zäitdrock am Parlament gestëmmt. Woubäi richteg Debatten an Analysen op der Streck bleiwen, bedauert de Frank Wies am Fräie Mikro.
Mam Cyber-Léonie géint Cyber-Mobbing a Cyber-Kriminalitéit
De Projet Leonora soll Jugendlechen dobäi hëllefen, déi digital Medie besser ze verstoen an den eegenen Ëmgang mat perséinlechen Donnéeën ze hannerfroen.
D'Galiounsfigur vum Widderstand géint Rëmerschen
Haut (10.6.) hätt d'Elisabeth Kox-Risch 100 Joer kritt. Hirem Asaz ass et zu engem gudden Deel ze verdanken, datt keen Atomkraaftwierk op d'Musel stoe koum.
Tripartite: Waren de Wirtschafts- an den Energieminister sech ëmmer eens?
De Lex Delles ass fir béid Ressorten zoustänneg. Mee fënnt hien als Energieminister all d'Mesüre gutt, mat deenen d'Inflatioun gebremst soll ginn?
Editioun 08:15
Eng verblenten Asylpolitik, Beleidegungen op Social Media an eng Fussball-Weltmeeschterschaft, déi vill Froen opwerft, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
Tramstopp GridX: Firwat soll de Staat alles bezuelen?
Mir froen d'Presidentin vun der zoustänneger Chamberkommissioun, d'Corinne Cahen (DP), firwat de Marc Giorgetti als Proprietär vum GridX net un de Käschte vum Bau bedeelegt gëtt.
Marc Spautz, CSV-Aarbechtsminister
De Sozialdialog schéngt nees ze funktionéieren. Mee wéi stabil ass deen neie Fridden tëschent Gewerkschaften, Patronat a Regierung? A wéi koum en op eemol esou séier zustanen?
Tripartite: Wéi grouss ass den ekonomeschen Impakt vun de Mesuren?
Mir froen de Statec-Direkter Tom Haas a wéi wäit den Impakt vun de verschiddene Mesuren ausgerechent gouf.
Editioun 07:15
Risike beim Kloteren, e verblenten Inneminister a Beleidegungen am Internet, dat sinn eis Theemen an der Presserevue.
Filmtipp: A bras-le-corps
Deen neie Film vun der Marie-Elsa Sgualdo zeechent de Portrait vun enger staarker Fra an engem Ëmfeld, dat vun Hypokrisie gepräägt ass.
EU-Migratiouns- an Asylpak: D'Deadline leeft dës Woch of
D'Chamber stëmmt souzesoen a leschter Minutt iwwer d'Ëmsetze vum EU-Migratiuons- an Asylpak of. Lëtzebuerg ass awer net dat eenzegt Land, wat do nach net ganz prett ass.