Episoden
Rëss an der Brandmauer
Am Europaparlament solle Membere vun der EVP sech mat Vertrieder vun der Extrême-droite an der Migratiounsfro ofgeschwat hunn. D'Reaktioun vun der Isabel Wiseler-Lima.
Steve Vermeer
De Spriecher vun der Fédération des développeurs immobiliers betount, et géif net genuch gebaut ginn. Dorënner géifen net nëmmen d'Promoteuren, ma och d'Wirtschaft leiden.
9 Demissioune bei ADR International - d'Parteipresidentin ass "iwwerrascht"
De fréiere President vun der ADR International geheit der Mammepartei "xenophob Ofdriftunge" fir. D'ADR-Presidentin seet awer et hätt keen d'Gespréich mat hir gesicht.
Editioun 7h15
Den Ausseminister, deen sech als Chef vun engem Reesbüro inzenéiert, rumänesch Polizisten am Asaz an der Stad a Probleemer mat Dreck op der Escher Plaz am Boltgen sinn Theemen
Wien ass de Mojtaba Khamenei?
Dem neien iranesche Staatschef a Reliounsleader sollen Immobilien am Wäert vu 400 Milliounen Euro uechter Europa gehéieren, huet eng Enquête vun der Medienagence Bloomberg erginn.
Bilan vum LuxFilmFest
De Jeff Schinker aus der Kulturredaktioun kuckt op d'Editioun 2026 zeréck. Gewënnerfilm ass den nigerianesche My Fathers’s Shadow vum Akinola Davies Jr.
Gemengewalen a Frankräich
Gëschter waren a Frankräich d’Gemengewalen. Déi politesch Kris vun de leschte Joren huet sech an enger niddreger Walbedeelegung zeréckgespigelt.
Editioun 8h15
E Jong vu siwe Joer fënnt eng gebrauchte Sprëtzt hannert der Schoul, spillt domat an hëlt se mat, mat der Konsequenz, datt hien e Mount laang eng anti-HIV-Behandlung muss maachen
Affär Wilmes: Zwee Patiente schwätzen iwwer hir Erfarungen
De Radio 100,7 huet mat zwee Patiente geschwat, déi vun de lafende Prozeduren an der Affär Wilmes concernéiert sinn.
Marc Lauer
De Vizepresident vun der Chambre de Commerce souz um KI-Dësch mat der Regierung an de Gewerkschafte beieneen. Wat behält hien no där Reunioun zeréck?
Rekordverloscht beim COSL
Knapp eng Millioun Euro Perte huet den olympesche Comité d'lescht Joer gemaach. De Michel Knepper gëtt Erklärungen a kuckt op säin éischt Joer als COSL-President zeréck.
Editioun 7h15
LSAP an ADR-Kongress um selwechte Weekend, d'Zeitungen hunn éischt Analysen an den neien Duo un der Spëtzt vun der LSAP kënnt net gutt ewech
Editioun vum Weekend
D‘Pëtrolspräisser, d‘Banken an d‘FindelClinic si Sujeten de Moien an der nationaler Press.
Bilan vun de LuxFilmFest-Kompetitiounen
De Michel Delage zitt de Bilan vun der offizieller Kompetitioun (Fiktioun) an der Documentaire-Kompetitioun.
Jonk Fuerscher Contest
Beim Jonk Fuerscher Contest presentéiere jonk Talenter tëschent 11 an 21 Joer hir eege Fuerschungsprojete virun enger Jury.
12 Joer Anne Hidalgo zu Paräis
Wéi huet déi franséisch Haaptstad sech verännert?
Editioun vun 08:15
De Belval gëtt gréng, de Max Hahn léisst d'Mask falen an Amazon brauch keng Strof ze bezuelen, dat sinn d'Theemen an eiser Presserevue
KI-Dësch: Kënschtlech Intelligenz am Déngscht vum Mënsch
D‘KI bréngt vill Chancen, mee och vill Risike fir den Aarbechtsmaart mat sech. Doriwwer hunn d‘Regierung, d‘Gewerkschaften an d‘Patronat um éischte KI-Dësch diskutéiert.