Episoden
Blockage vun der Mieresstrooss Hormus: Gëtt et en Auswee?
Mir froen eise Korrespondent op der Plaz, de Philipp Crowther.
Echoen aus der Vergaangenheet an der Villa Louvigny
Déi immersiv Ausstellung "Ghosts of the Villa" retracéiert d’Geschicht vu Radio Lëtzebuerg.
Sträitthema um EU-Sommet: Zukunft vum Europäeschen Emissiounshandel
D'Meenungen iwwert de System fir den Emissiounshandel gi staark auseneen. Déi eng wëllen en ofschafen, déi aner halen drop, datt en erhale bleift. Dozou gehéiert Lëtzebuerg.
Editioun 8h15
Mëssbrauch an der kathoulescher Kierch, de Succès vun de Radaren a Problemer mat der Gréngzon, dat sinn d'Themen an der Presserevue.
Europäesche Procureur: éischte Lëtzebuerger Fall kënnt viru Geriicht
An den nächste Méint kënnt eng éischte Kéier een Dossier vum Europäesche Parquet virun ee Lëtzebuerger Geriicht.
Mylène Bianchi
D'lescht Joer gouf et iwwer 500 Aggressioune géint d'Personal am ëffentlechen Transport. Mir froen d'Presidentin vun der Eisebunnergewerkschaft Syprolux wat een dogéint ka maachen.
Hale-WM: Gëtt et déi lescht 1500m op héijem Niveau fir d'Vera Bertemes?
Mir hunn d'Leeferin virun hirem Optrëtt bei der WM a Polen gefrot op si duerno definitiv op déi méi laang Strecken wiesselt.
Editioun 7h15
Neit Denke bei der FLF, d'Spuerkeess an der Kritik an d'Situatioun vum Lëtzebuerger Journalismus. dat sinn d'Themen an der Presserevue.
PFAS: Wou fënnt een d'Éiwegkeetschemikalien hei am Land?
Mat der Fro beschäftegt sech en neie Rapport, dee vun 3 Ministèren ausgeschafft gouf. Mir hunn eis e méi genee ugekuckt.
Energie-Embargo vun den USA: Op Kuba leit d'Zivilpopulatioun
Mir froen d'Christiane Tonnar vun der ONG Solidarité Luxembourg-Cuba, wéi d'Liewen op der Karibikinsel am Moment ausgesäit.
"Si huet Generatiounen zu Lëtzebuerg gepräägt"
Si huet sech agesat fir een onverkrampften Ëmgang mat Sexualitéit a Partnerschaft - ouni ze jugéieren. Ee Bléck op d'Ierwe vun der Fraendoktesch Dr. Molitor-Peffer.
Wéinst dem Irankrich: Nieft dem Diesel, gëtt och den Dünger méi deier
Mir froen de President vun der Landwirtschaftskammer, de Christian Hahn, wéi grouss den Impakt op d'Lëtzebuerger Baueren ass.
Charles Goerens
Mam Europadeputéierte vun der DP geet rieds iwwer de Konflikt am Noen Osten a seng politesch, strategesch, ekonomesch an humanitär Konsequenzen.
KI an der Sozialaarbecht - wéi passt dat zesummen?
Och wann een et op den éischte Bléck villäicht net mengt - d’KI ass och am soziale Secteur scho laang ukomm.
Editioun 7h15
Europa soll dem Trump d'Stier bidden, eng kritesch Héichwaasseretüd a weider Informatiounen an der Affär Dan Santos, dat sinn d'Themen an der Presserevue
Taux d'allaitement geet an d'Luucht - et gëtt awer nach Handlungsbedarf
Den Taux d’allaitement hei am Land huet sech an de leschten 10 Joer verbessert. D'Hiewan Kristel von Laufenberg gesäit awer nawell nach Handlungsbedarf.
Living Memory
D’Historikerin Blandine Landeau huet eng 50 Gespréicher mat Iwwerliewende vun der Shoah, déi e Lien mat Lëtzebuerg haten, geféiert an op Video festgehal.