Episoden
EU fuerdert Opklärung wéinst Spionage-Verdacht géint Ungarn
"Live"-Rapporte vum ungareschen un de russeschen Ausseminister si keng komplett Surprise. D'EU-Kommissioun erwaart sech elo Explikatioune vun der ungarescher Regierung.
Editioun 7h15
Gespaant gëtt op déi separat Reunioune vum Aarbechtsminister mam Patronat an de Gewerkschafte gekuckt, bei deenen iwwert de Mindestloun geschwat gëtt
D'Jeunesse Esch an hir Visioun 2030
De Lëtzebuerger (Fussball-)Rekordchampion wëll mat engem originelle Konzept u fréier Erfollegszäiten uknäppen. Den Trainer Reinhold Breu ass e Schlësselelement vun där Visioun.
Koum et zum Rietsruck?
Mir froen d'Chefredaktesch vu Radio ICI Lorraine, Fanette Hourt, wéi den zweeten Tour vun de Gemengewalen an der Grenzregioun ausgaangen ass.
Muechtwiessel a Rheinland-Pfalz
A Rheinland-Pfalz, also direkt hannert de Musel, ass gëschter gewielt ginn – an d’Chrëschtdemokrate vun der CDU stellen no 35 Joer an der Oppositioun nees de Ministerpresident.
Editioun 8h15
Éischt Suitten an der Affär ronderëm sexuell Abusen am Kannerduerf zu Miersch, d'Santé cérébrale an en neit Liewe fir de Hotel Oranienburg zu Veianen sinn Theemen
Decisiven Tour vun de Gemengewalen a Frankräich
Gëschter war a Frankräich den zweeten an decisiven Tour vun de Gemengewalen. A ville Stied, ënner anerem zu Paräis, gëtt et elo eng nei Persoun un der Spëtzt.
Luc Frieden
De Premier gouf e Samschdeg als CSV-President confirméiert, mat awer engem manner gudde Score wéi bei senger éischter Wiel virun 2 Joer. Wéi reagéiert hien op dat Resultat?
D'Situatioun un der israeelesch-libanesescher Grenz
De Krich am Noen Oste betrëfft och de Libanon.
Editioun 7h15
De Luc Frieden ass um CSV-Kongress net méi sou haushéich zréckgewielt gi wéi virun zwee Joer, et wier keen Desavouement, mee awer eng op den Deckel, sou d'Meenung an der Press
Ausginn oder spueren? Schoulkanner zu Contern léieren alles iwwer Suen
An der "Woch vun de Suen" dréit sech an de Grondschoulen alles em Geld an e verantwortungsvollen Ëmgang domadder.
Fënster Op: D'Radios-Sendung an där 190 Nationalitéiten zu Wuert kommen
De Cédric Reichel huet sech virgeholl mat Leit aus all de Communautéiten ze schwätzen déi hei am Land vertruede sinn. Mir hunn eis virum Festival des Migrations mat him ënnerhal.
Dem Viktor Orban säi Walkampf zu Bréissel
Um EU-Sommet gouf et keng Léisung fir déi vun Ungarn blockéiert Finanzhëllef fir d'Ukrain. De Viktor Orban krut zwar gejaut, ma hien huet net no ginn, an dat éischter genoss.
Editioun 08:15
D'Prozeduren an der Affär Wilmes, Lavéieren ronderëm d'Spuerkeess an den Abroch vun de Petitiounen, dat sinn d'Themen an der Presserevue
Bommeleeër-Affär
Am Virfeld vum Appellprozess am zweete Bommeleeër-Prozess am Hierscht ginn d’Affekote vun den initial Ugeklote Marc Scheer a Jos Wilmes op d’Verwaltungsgeriicht.
Jean-Claude Frisch
Mat deem haut pensionéierte Franséischproff a laangjärege President vun der Programmkommissioun geet rieds iwwer d'"Kris" vum Franséische bei der Jugend.