Episoden
No Kritik vu Betraffenen a Planning familial
Gynekologen hu keng Virbehalter virun enger Sterilisatioun - och net bei enger jonker Fra, seet de Pit Duschinger. Mee den Dokter muss kënne sengem Gewëssen no agéieren.
Editioun 7h15
D'Diskussioune ronderëm de Mindestloun gi weider, den Aarbechtsminister Marc Spautz probéiert haut sech an engem Interview ze justifiéieren, mee dat geléngt him net esou richteg.
Lëtzebuerg-Malta: d'Analys vum Roland Schaack
Den 100,7-Consultant analyséiert d'Victoire, mat där d'Rout Léiwen hir Plaz an der Liga C vun der National League gerett hunn.
Sterilisatioun bei Fraen - Trotz Gratuitéit nach ëmmer gréisser Barriären
Zanter 3 Joer gëtt d'Sterilisatioun vun der CNS rembourséiert - trotzdeem stousse jonk Fraen dobäi nach ëmmer op Tabuen a Barriären, och wa si sech hirem Choix sécher sinn.
Koordinatioun stäerken, erneierbar Energien ausbauen
Dat war de Message vum Minister Lex Delles gëschter nom Conseil (iwwer Video) vun den EU-Energieministeren.
Editioun 8h15
Den AMMD-President kritiséiert, datt kee vun der Regierung sech réiert bei de Verhandlunge mat der CNS an d'Gemeng Hesper gëtt de laange Schiet vum Marc Lies net lass.
De Buckelwal, dee sech an der Ostsee veriert huet
Interview mat der Anna Schleimer, der Presidentin vun Odyssea, enger Associatioun vu Lëtzebuerger Mieresbiologen.
Loïc Hoscheit
D'Agence Luxembourgeoise pour l'intégrité dans le sport fänkt haut offiziell mat hirer Aarbecht un. Mir froen den ALIS-Direkter wéi eng Aufgaben elo op hien duerkommen.
UEFA Nations League: Wéi war d'Stëmmung no der 3-0 Victoire géint Malta?
D’Lëtzebuerger Häre-Fussballnationalekipp wäert no enger 3-0 Victoire géint Malta weider an der Liga C vun der UEFA Nations League spillen. Wéi war d'Stëmmung duerno am Stadion?
Editioun 7h15
Jiddereen ass enttäuscht vum Marc Spautz, an den Zeitunge gëtt den Aarbechtsminister als onéierlech a souguer als Verréider bezeechent wéinst sengem Mindestloun-Coup.
Schaffe mat engem Handicap: E Bléck hanner d'Kulisse vum Beetebuerger Park
De Parc Merveilleux zu Beetebuerg gëtt zënter 27 Joer vun der APEMH, der Associatioun vun Eltere mat Kanner mat engem intellektuellen Handicap, geleet.
Filmtipp: "Lumière, l'aventure continue"
Eng Rees zeréck zu den Originne vum Kino bitt dem Thierry Frémaux säin Documentaire. Dem Michel Delage säi Kinostipp
Editioun 8h15
Dee verurteelten Neonazi-Terrorist a Bommebauer vu Stroossen däerf a Schwede Chimie studéieren, an zu Koplescht sinn d'Awunner net zefridde mat der neier Verkéiersberouegung.
Fraen als Paschtouer? Och bei kathoulesche Frae geet d'Meenung auserneen
D'Liliane Loos-Magar vun der Action Catholique des Femmes du Luxembourg seet et géif an hirem Verband verschidde Meenungen doriwwer ginn, ob Frae solle Paschtouer kënne ginn.
Laurent Peusch
Trotz Chômage ginn et laut ADEM eng 20 Beruffer, an deenen d'Patrone quasi kee Personal fannen. Mir schwätze mam Chef vum Service Employeurs bei der ADEM doriwwer.
Stäreplaz: Archeologesch Sondagen am Virfeld vun de groussen Aarbechten
Ënner dem Buedem goufen eng ganz Partie Iwwerreschter fonnt - de Gros dovun ass aus archeologescher Siicht awer "modern", esou den Institut national de recherches archéologiques
Editioun 7h15
Eng Schéinheetschirurgin ass frou, datt Kontrolle géint illegal Injektiounen a Schéinheetssalone gemaach ginn an e Journalist ass frou, datt d'Cavem gerett konnt ginn.
Walkampf an Ungarn: Kënnt et zum Wiessel?
No 16 Joer un der Muecht kéint de Viktor Orban an Ungarn ofgewielt ginn. Vill Leit schéngen es genuch ze hu mam Regime, deen hien opgebaut huet.