Episoden
Wéi huet de CHEM d'Hëtztwell iwwerstanen?
Virun der Canicule gouf gefaart, d'Spideeler kéinte wéinst ze ville Patienten a Schwieregkeete geroden. Dat ass net geschitt, seet de medezineschen Direkter Dr. Romain Schockmel.
Editioun 07:15
Wou bleift d'Klimakris an der Politik an en Interessekonflikt am Ëmweltministère, dat sinn d'Themen an der Presserevue
Den Iran op der WM: Eng Ekipp, mat där sech de Gros net identifizéiere kann
Den Iran ass zwar mat op der Weltmeeschterschaft dobäi an awer kann de Gros vun där Diaspora sech net mat der Ekipp identifizéieren.
Ingeborg Bachmann: Méi wéi just eng grouss Lyrikerin
De Jérôme Jaminet, Vizepresident vum Lëtzebuerger Germanisteverband, schwätzt iwwer déi vill Facettë vun der Schrëftstellerin, déi haut virun 100 Joer op d'Welt koum.
Wéi kann een Talenter hei am Land halen?
Déi Fro huet de LISER am Optrag vun der Regierung probéiert ze beäntweren. De Logement spillt ënner anerem eng wichteg Roll, esou de Fuerscher Joel Machado am Interview.
Hëtztwell um Chantier
Wéi gouf den Aarbechtsalldag um Chantier un déi extreem Temperaturen ugepasst. D'Paule Rodesch mellt sech live vun engem Chantier zu Esch an de Studio.
Editioun 08:15
Lëtzebuerg wier net gutt op déi aktuell Hëtztwell virbereet, mengt d‘Tageblatt, an d‘Wort bedauert, datt mir an der Haaptstad Hëtztinselen am Plaz vu Gréngflächen hätten.
Neie Schwong an der Diskussioun iwwer Plattformaarbecht
Wéi soll d'Plattformaarbecht zu Lëtzebuerg gesetzlech encadréiert ginn? De Marc Baum, Deputéierte vun déi Lénk, huet ganz prezis Virstellungen.
Andrew Ferrone, Direkter fir europäesch an intl. Affären am Ëmweltministère
Mir schwätze mam Klimatolog iwwer déi aktuell Wiederlag, ëmmer méi heefeg Hëtztwellen a wat Lëtzebuerg nach muss maachen, fir seng Klimaziler ze erreechen.
Hëtztwell: Hëllef fir Sans-abrien
De Familljeminister Max Hahn (DP) erkläert, op wéi eng Ënnerstëtzung(en) Leit ouni Daach iwwer dem Kapp wärend der rouder Alert zeréckgräife kënnen.
Editioun 07:15
Lëtzebuerg wier net gutt op déi aktuell Hëtztwell virbereet, mengt d‘Tageblatt, an d‘Wort bedauert, datt mir an der Haaptstad Hëtztinselen am Plaz vu Gréngflächen hätten.
Anne Knepper, Kächin mat frëscher Medail vun Nationalfeierdag
Si ass déi éischt Fra, déi den Titel "Jeune cheffe de l'année" vu Gaullt Millau krut, huet och ee Restaurant, ass jonk Mamm a gouf an der Philharmonie ausgezeechent.
Muppe leiden ënner der Hëtzt - Gaasperecher Déierenasyl disponéiert ëm
60 Muppe waarden am Gaasperecher Déierenasyl op eng nei Famill. Well d'Hëtztwell Muppe besonnesch ze schafe mécht, passt d'Personal den Aarbechtsalldag an der Canicule un.
Editioun 8h15
D'Hëtzt hätt Nationalfeierdag net geschuet, den Zeitungen no wier d'Ambiance gutt gewiescht, eng Zeitung awer kritiséiert, datt Freedefeier a Fakelzuch net ofgesot goufen.
Diskussioun ronderëm d'Centre-de-retouren
19 Länner haten um Bord vum Sommet gefuerdert, datt den Opbau vun de Return Hubs sollt mat EU-Sue finanzéiert ginn. Domat ass awer net jiddereen averstanen.
Beryl Koltz, Responsabel fir den Nation Branding
Mam Slogan "Let's make it happen" gëtt Lëtzebuerg zanter 10 Joer heiheem an an der Welt vermaart. Mir froen d'Beryl Koltz, wat d'Campagne bréngt an nach brénge soll.
Wéi laang dauert d'Hëtztwell nach?
Dat froe mir de Meteorolog Luca Mathias. Déi nächst Deeg soll et nach méi waarm gi wéi bis elo. Wat ass dobäi den Ënnerscheed tëschent der tatsächlecher an der gefillter Temperatur
Editioun 7h15
D'Hëtzt hätt Nationalfeierdag net geschuet, den Zeitungen no wier d'Ambiance gutt gewiescht, eng Zeitung awer kritiséiert, datt Freedefeier a Fakelzuch net ofgesot goufen.