D’Ukrain sollt integral an den europäesche Verteidegungssystem integréiert ginn. Dat hat déi lescht Woch den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj gefuerdert.
Net géint déi Iddi weist sech elo den EU-Kommissär fir d’Verteidegung.
D’Europäesch Unioun misst ee System op d’Bee setzen, deen iwwer just d’Länner vun der Unioun erausgeet. An d’Ukrain hätt duerch hir Experienz mam Krich an der Waffeproduktioun Kapazitéiten, déi d’EU net huet, seet den Andrius Kubilius op eis Nofro. De Litauer schléisst net aus, datt d’Ukrain och kéint Deel vun enger europäescher Arméi ginn.
Den EU-Kommissär fir d’Defense stoung Journalisten a Journalistinne vum Radios-Reseau Euranet Plus, an deem den 100,7 Member ass, Ried an Äntwert. D’Danièle Weber war beim Interview derbäi a mécht de Resumé vum Gespréich.