Dat neit Joer steet virun der Dier an dat ass fir vill Leit traditionell e Moment, op deem si sech eng positiv Verännerung virhuelen. Méi Zäit mat der Famill, méi Sport, méi gesond Iessen a vläicht ass fir deen een oder anere jo och ee Virsaz manner Alkohol ze drénken. Oder wéi wier et mat engem ganze Mount Paus? De Lëtzebuerger Gesondheetsministère lancéiert ganz offiziell deen éischten Dry January hei am Land. Ee Rendez-vous, dee weltwäit all Joer vun Dausende Leit agehale gëtt. Firwat och de Grand-Duché elo beim Dry January matmécht, dozou ginn et Explikatioune vun der Coordinatrice vum Programm PALMA, dem Lëtzebuerger Aktiounsplang géint de Mëssbrauch vun Alkohol, der Catherine Tomicic.
E ganze Mount op Alkohol verzichten
headphones
9 min
Lauschteren
play_arrow
(Foto: picture alliance / SULUPRESS.DE | Torsten Sukrow)
mic_none
Presentéiert vum
- Paule Rodesch
Episoden
Wéi war d'Luxembourg Fest zu Belgium an den USA?
Eise Korrespondent Philip Crowther war op der 40. Editioun vum grousse Spektakel ronderëm de Grand-Duché op där Plaz, wou d'Luxembourg American Cultural Society hire Sëtz huet.
Liichtathletik-EM: Kann een op eng Medail hoffen?
Mir schwätze mat der Presidentin vun der Liichtathletik-Federatioun, Stéphanie Empain, iwwer déi Lëtzebuerger Presenz op der EM zu Birmingham.
Rumänesch Beamte begleeden d'Police locale an der Stad
Zënter dräi Méint begleeden zwee rumänesch Polizisten d’Lëtzebuerger Police an der Uewerstad op hire Patrullen.
Net just Postkaarten (mee och)
Am Stater Cercle Cité ass eng Expo am gaangen, déi d’Touriste bei hiren Aktivitéite beliicht, an zwar aus dem Bléckwénkel vu bekannte Lëtzebuerger Fotografinnen a Fotografen.
Wéi war d'Luxembourg Fest zu Belgium an den USA?
Eise Korrespondent Philip Crowther war op der 40. Editioun vum grousse Spektakel ronderëm de Grand-Duché op där Plaz, wou d'Luxembourg American Cultural Society hire Sëtz huet.
30 Joer e-lake: Wéi vill Opwand stécht hanner dem Festival?
De Pit Beffort schwätzt mat den Organisateuren iwwer d'Geschicht vum Festival an aktuell Erausfuerderungen.
De 6. August viru 35 Joer gouf Internetgeschicht geschriwwen
Mir kucke mat der Valérie Schafer, Spezialistin fir Internetgeschicht op der Uni.lu zréck op déi éischt Websäit iwwerhaapt a froen si wéi den Tim Berners-Lee de Web vun haut gesäit
Krisesëtzung: wéi geet et um Rhäin (an op der Musel) weider?
De Rhäin steet mëttlerweil op ville Plazen historesch déif. Gëschter gouf zu Bonn no Léisunge gesicht fir den Impakt op d'Wirtschaft kleng ze halen.
Beetebuerger Kierfecht: wat ass bis elo gewosst?
Ufanks der Woch goufe 60 Griewer beschiedegt. Mir froen de Buergermeeschter Jean-Marie Jans, wat genee geschitt ass, an ob d'Kierfechter elo besser muss geschützt ginn.
180 Kilometer Jakobswee ginn et zu Lëtzebuerg
Déi féieren a 6 Etappen op Veianen, Iechternach, Gréiwemaacher an d’Stad, op Diddeleng a Schengen. D’Paule Rodesch war rezent mat de Frënn vum Camino op enger dovunner ënnerwee.
Gym: Lëtzebuerg krut den Zouschlag fir d'EM 2028 auszedroen
Wat bedeit dat un Opwand a wéi kritt d'Federatioun FLGym dat gestemmt? Dat froe mir hire Generalsekretär Silvio Sagramola.
Liichtathleetik bei iwwer 30 Grad: Schiet, Waasser an adaptéiert Trainingen
D'Hëtztwellen hunn och dee gréisste Liichtathleetik-Veräin am Land virun Erausfuerderunge gestallt.
TikTok oder Instagram eréischt vu 15 oder 16 Joer un?
An der EU gëtt virun doriwwer diskutéiert, ob Sozial Medien an Zukunft fir Kanner oder Jugendlecher eréischt vun engem bestëmmten Alter u sollen erlaabt sinn.
Tour de France vun de Fraen: wat erhofft de Fränk Schleck sech?
Dee fréiere Lëtzebuerger Profi ass Team-Manager vun der Dammen-Ekipp vu Lidl-Trek. Mir schwätze mat him iwwer seng Ambitioune beim Tour de France vun de Fraen.
Stammzellespenden: vill potentiell Donateure sprangen um Enn of
D’Associatioun Don de Moëlle schwätzt vun engem gravéierende Problem, dee Mënscheliewen op d'Spill géif setzen. Wat sinn d'Grënn fir déi vill Refusen?
Ee laange Wee op d'Schaff ka fir Demotivatioun suergen
Stau oder ee vollen Zuch si fir vill Leit Deel vum Aarbechtsalldag. D'Psychologie-Studentin Myriam Koch interesséiert sech fir den Impakt dovun op d'Gesondheet an d'Wuelbefannen.
No Ceuta: wat muss d'EU anescht maachen, Tilly Metz?
Mir schwätze mat der grénger Europadeputéierter iwwer d'Conclusiounen, déi si zitt aus de Virfäll zu Ceuta an dem Ëmgaang domadder vun de politesche Responsabelen.
Beien an der Stad, Hunneg aus der Stad
Den Hugo Zeler ziicht Beien am urbane Raum. De Pit Beffort war mat him op enger ongewéinlecher Plaz ënnerwee.
E Bléck op d'Statistiken: Wéi aussergewéinlech ass déi aktuell Wiederlag?
Am Juli goufen et um Findel am zweetmeeschte Sonnestonnen zënter de Miessungen. E Gespréich mam Luca Mathias vu Meteolux