Op eise Stroosse sinn d’lescht Joer manner Leit gestuerwe wéi dat Joer virdrun. 18 Doudesaffer waren et 2024 - an deenen zwielef Méint virdru waren et der 8 méi, also 26. Et koum och zu manner Schwéierblesséierten. Déi Zuele ginn aus dem definitive Bilan vum zoustännege Ministère ervir, deen d’lescht Woch erauskoum. Fir d’Association des victimes de la route ass dat zwar berouegend, an awer géif et kee Grond fir sech ze freeën, soulaang wéi hei am Land ëmmer nach Auto-, Vëlosfuerer oder Foussgänger stierwen. All Affer op eise Stroossen ass eent ze vill, déi Devise vun der Mobilitéitsministesch Yuriko Backes ënnerschreift och de Michaël Federici, Chargé de direction bei der AVR. Trotzdeem ass hie frou, datt d’Tendenz vun de schwéieren Accidenter no ënne weist.
Autosaccidenter
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Illustratioun: Autosaccident (Foto: picture alliance / imageBROKER | Robert Poorten)
mic_none
Presentéiert vum
- Christiane Kleer
Episoden
Depressioun: Den heefegste Grond fir Krankmeldungen
Am Privatsecteur zu Lëtzebuerg si 17,5 % vun de Krankendeeg op Depressiounen zréckzeféieren. Froen un de Psycholog a Psychotherapeut Egon Davreux vun der Ligue d'hygiène mentale.
Minigolf am Péitrussdall
Spaass fir Grouss a Kleng
Geocaching: Op Schatzsich uechter d'Land
Wie keng Loscht huet op normale Sightseeing oder e simpele Spadséiergang duerch d'Natur, dee fënnt vläicht beim Geocaching déi néideg Motivatioun fir en Trëppeltour.
Stammzellespenden: Vill potentiell Donateure sprangen um Enn of
D’Associatioun Don de Moëlle schwätzt vun engem gravéierende Problem, dee Mënscheliewen op d'Spill géif setzen. Wat sinn d'Grënn fir déi vill Refusen?
Bëschbrand Héije Venn: Andréck vun engem Lëtzebuerger Pompjee
De Lëtzebuerger Beruffspompjee Tom Zeihen war beim Bëschbrand am Héije Venn un der Front mat dobäi. Hien erzielt vu senger Missioun a sengen Andréck.
Kommentar: Eng Klimakris, déi nervt
D'Regierung huet sech an der Klimakris dëse Summer net gemuckst. Hunn d'CSV an d'DP de Kampf géint d'Klimaerwiermung iere schonn opginn? Ee Kommentar vum Pierre Reyland.
Am Héije Venn: En ekologesche Schued, deen net méi gutt ze maachen ass
Mam Brand am Héichmouer vun den Hautes Fagnes sinn och Planzen an Déieren zersteéiert ginn. Mir hu mat der Biologin Claudine Felten iwwer den ekologesche Schued geschwat.
D'Dany Weyler: Zënter der éischter Stonn um Radio 100,7
D'Dany Weyler war 33 Joer laang mat u Bord an huet dobäi villes erlieft a mat gestalt. Elo steet d'Pensioun un: d'Geleeënheet, fir op déi lescht Joerzéngten zeréck ze kucken
Wat geschitt um Chantier op der Beetebuerger Gare?
Zënter engem Mount fiert tëschent der Stad a Beetebuerg keen Zuch. Grond ass e Chantier am Norde vun der Beetebuerger Gare. Mee wat gëtt do genee gemaach?
Vize-Europameeschter: "Ça sonne plutôt bien, ça sonne même très bien"
E Gespréich mam Ruben Querinjean, deen e Sonndeg op der Liichtathletik-EM iwwer 3.000 Meter Steeple eng Sëlwermedail fir Lëtzebuerg gewonnen huet.
Ënnerwee mam "Bamdokter": De Charel Faust kennt all Bam am Stater Park
De Stater Park mat senge ronn 1.300 Beem ass dem Charel Faust säi Revéier. Hien ass ee vun dräi Bamdokteren an der Stad a fir d'Kontroll vun de Beem zoustänneg.
Dampwollek iwwer Lëtzebuerg: Gouf (fréi) genuch gewarnt?
Froen un den Haut Commissaire à la Protection Nationale Guy Bley.
Ënner der Kinnekswiss verstoppt sech eng eege Welt
D'Kasematte sinn e beandrockend Stéck vun der Lëtzebuerger Geschicht. Verschidden Deeler sinn net ëffentlech zougänglech. Trotzdeem kritt een heiansdo d'Geleeënheet se ze entdecken
Den dréchenen a waarme Summer huet och en Impakt op d'Wäilies zu Lëtzebuerg
Mir froe bei de Wënzer no, wat si sech fir d'Wäilies erwaarden
Bëschbränn an der Groussregioun: Besteet eng Gefor fir d'Gesondheet?
Och hei am Land richt a gesäit een den Damp vun de Feieren am Naturpark Héich Venn an der Belsch. De Pneumolog Gil Wirtz gëtt Erklärungen zu de Gesondheetsrisiken
Wéi bedenklech ass déi aktuell Loftqualitéit?
Déi aktuell Wäerter hätten "aucun impact sanitaire significatif pour la population" sou d'Regierung. Wat seet déi fréier Directrice vun der Ëmweltverwaltung Joëlle Welfring dozou?
Wiederexpert mécht Frust a Roserei Loft
An engem laange Post op Facebook huet de Philippe Ernzer vu Météo Boulaide virun Deeg all déi Punkten theematiséiert, déi him d'Liewe schwéier maachen.
De Ruben Querinjean gëtt Vize-Europameeschter
D'Stéphanie Empain, d'Presidentin vun der Liichtathletik-Federatioun (FLA), reagéiert op d'Sëlwermedail vum Lëtzebuerger bei der EM zu Birmingham.
Opus: 7.900 Nolauschterer all Dag
De jonke Klassiksender vum 100,7 freet sech iwwer déi éischt Audienz-Zuelen, déi erhuewe gi sinn.