Episoden
Schlëmm Bëschbränn a Frankräich
Mir froen eise Korrespondent Max Tholl, wéi gutt Frankräich op esou Situatioune preparéiert ass.
"Wann et kee Spaass méi mécht, soll ee sech net krank maachen"
Dat ass d'Conclusioun vum fréieren Deputéierten an LSAP-Buergermeeschter vun Nidderaanwen Jean Schiltz no 37 Joer an der Politik.
De Séi vu Wäiswampech
Zu Lëtzebuerg ginn et 5 Séien, an deene Schwammen erlaabt ass. Dorënner déi 2 Séien zu Wäiswampech, déi an de 70er Jore kënstlech ugeluecht goufen.
Weltmeeschterschaft am Indiaca: Lëtzebuerg ass Titelverdeedeger
Vun 4.-10. August ass déi 7. Weltmeeschterschaft am Indiaca an Estland. Lëtzebuerg ass an der Kategorie Mixed Seniors den Titelverteideger.
Firwat ginn et dëst Joer méi Harespelen?
Dat huet d’Paule Rodesch d’Lieke Mevis gefrot, Biologin bei Natur&Ëmwelt.
Pann bei Tango: Wéi bléift den 112 erreechbar?
Nom Ausfall bei der Post konnte gëschter eng ganz Rei Clientë vun Tango den 112 an den 113 net erreechen. Mir hu beim Operateur nogefrot, wéi een dat ka verhënneren.
Polen: Neie President kéint liberal Regierung ausbremsen
Dee konservative Karol Nawrocki iwwerhëlt säin Amt haut offiziell. Eise Korrespondent Adrien Sarlat erkläert, wat dat fir Pole bedeit.
Interview mam David Weis, President vun der jiddescher Communautéit zu Esch
De Rabbiner vun der jiddescher Communautéit zu Esch huet sech vum Virgoen vun der israelescher Arméi an der Gaza-Sträif disanzéiert. Wéi kënnt dat bei senger Communautéit un?
Grenzregioun Belval: no an awer wäit ewech
De GECT De GECT Alzette Belval wëllt d'Zesummeliewen an den 13 Gemenge vum Gebitt am Süden dynamiséieren a belount Veräiner, déi op hir Noperen duerginn.
Spuerkeess no der Caritas-Affär: "Méiglechst séier e Kompromëss fannen"
D'Spuerkeess wëllt hire Reputatiounsschued reparéieren, nodeems d'Staatsbank vun der CSSF eng Geldstrof krut. En aussergeriichtlechen Accord mat der Caritas ass eent vun den Ziler.
Waardelëscht fir Asyldemandeuren: Wëllt de Minister eppes änneren?
Den DP-Familljeminister Max Hahn gëtt kritiséiert, well hie bestëmmten Asyldemandeure weiderhi kee Logement accordéiert - wéinst Plazmangel. Huet hien eng Léisung?
Réckbléck op den 1. Spilldag am Fussball-Championnat
Mat allkéiers engem klenge Resumé vun de Matcher an dem Bléck op dat, wat vun deem 1. Spilldag zeréckzebehalen ass.
Ginn am Zäitalter vu KI nach Kommunikatiounsagencë gebraucht?
Dat froe mir den André Hesse. Hien ass President vun der Markom, der Associatioun vun de Lëtzebuerger Kommunikatiounsagencen..
D'Aktioun Bambesch ass voll amgaangen
Zënter 52 Joer kréien d'Stater Primärschoulkanner an der Millebaach Summeraktivitéiten ugebueden.
War de Juli wierklech vill méi kal a méi naass wéi soss?
Mir froen de Luca Matthias vu Meteolux. Mir hunn awer och eng kleng Ëmfro an der Stad gemaach, wéi dat Wieder de Leit allgemeng gefält.
Et gëtt Chouermusek fir den Trounwiessel gesicht
Am Hibléck op den Trounwiessel am Oktober 2025 sicht d'Maîtrise mat engem Concours eng Motett zu "Domine, salvum fac magnum ducem nostrum Guillelmum".
No der Caritas-Affär: Wéi eng Konsequenze muss d'Spuerkeess zéien?
De Finanzregulateur CSSF huet eng Strof vu bal 5 Milliounen Euro géint d'Spuerkeess verhaangen. Mir froen den CSV-Deputéierte Laurent Mosar wéi eng Konsequenzen hie sech erwaart.
Cyberattack bei der Post: Firwat ass nach net méi gewosst?
Mir froen den Direkter vum House of Cybersecurity Pascal Steichen, wéi d'Enquête iwwer esou eng Attack ofleeft.