De weltberüümte Cellist Jean-Guihen Queyras ass den 11. Mäerz 1967 zu Montréal a Kanada op d’Welt komm. Seng éischt Joer huet hien och do verbruecht, iert hie mat senger Famill dono ëmmer erëm ronderëm d’Welt geplënnert ass. Esou huet hien ënnert anerem a Kanada, Algerien, Frankräich an Däitschland gelieft.
Hien huet déi franséisch-kanadesch Doppelnationalitéit a lieft a schafft schonn zanter laangem an Däitschland. Hie verréit am Gespréich mam Marie Schockmel, ob hien sech éischter kanadesch oder franséisch spiert, an ob een dat iwwerhaapt kloer soe kann. Haut ass hie weltwäit als Cellist täteg. Doniewent ass hien och nach Professer fir Cello zu Freiburg a Matgrënner an artistesche Leeder vum Festival “Rencontres Musicales de Haute-Provence”.
Den Cellist ass schonn dacks op Lëtzebuerg komm fir seng Concerten, zemools an d’Philharmonie um Kierchbierg. Hie verréit och, ob hien sech hei am Land éischter als Gaascht oder wéi doheem fillt, ob hien eng Balance huet tëscht all sengen Tätegkeeten als Solist, Professer un der Héichschoul zu Freiburg a Grënner an artistesche Leeder vum Festival “Rencontres Musicales de Haute-Provence”, wat hie mécht wann hie keng Musek spillt, an ob hie schonn eemol Gromperekichelcher hei am Land probéiert huet.
An eisem opus-Podcast “Klassik Talk” gëtt hien och nach vill weider ganz perséinlech Ablécker a säi Privatliewen a seng Aarbecht. Hie verréit wat et bedeit, Mënsch ze sinn, vu wéi engem Popstar hien e grousse Fan ass, an datt hie gespaant ass des Woch op de Lëtzebuerger Chrëschtmäert fir d’éischt Kéier Gromperekichelcher ze probéieren. De ganzen Episod kënnt dir an der opus 100,7-App lauschteren an och wéi gewinnt an der online-Mediathéik op opus.radio.