D’Esther Conter ass eng jonk Lëtzebuerger Mezzosopranistin an Enseignante fir Gesang am Escher Conservatoire. Wärend hirer Kandheet an engem Studium als Sängerin a Musicalduerstellerin, huet si sech intensiv mat der Fro beschäftegt, ween si als Mënsch ass. Sou richteg eng Äntwert, konnt si awer laang net dorop fannen. An haut?
D’Musekerin schwätzt am mëttlerweil 8. Episod vum Klassik-Talk iwwert hir Kandheet an eng laang Sich no sech selwer. Iwwert déi schéin an och manner schéi Momenter vun enger Karriär mat ville Rollen op der Bün. An och déi grouss musikalesch Projeten, déi si sech fir d’Zukunft virgeholl huet.