De Georges Lentz ass dës Woch eisen Invité am Podcast “Klassik Talk”. Dat ënner anerem well hien dës Woch säi 60.Gebuertsdag feiert.
De Georges Lentz huet sech mat der “Cobar Sound Chapel” eng Visioun erfëllt: Aus dem Concertssall eraus goen, a mat enger Sound-Installatioun eng méi fräi Zort vun Erliefnes ubidden. Fir dës Installatioun am australeschen Outback, huet de Georges Lentz eng Kompositioun vu ronn 43 Stonnen opgeholl. Hei am Extrait aus dem Klassik Talk erkläert hien den Hannergrondgedanken zu dësem Projet.