De Carlo Jans ass zënter méi wéi 40 Joer net just Enseignant, mee och internationale Solist a Flüttist. Wärend dëser Zäit sinn net eleng iwwer 50 Produktioune mat renomméierten Orchesteren aus der ganzer Welt entstanen: De Carlo Jans huet och viru 37 Joer den Internationale Forum fir Piano a Flütt zu Lëtzebuerg gegrënnt, bäi deem zanterhier iwwer 1200 Schülerinnen a Schüler matgemaach hunn.
De Carlo Jans schwätzt iwwert dësen Häerzensprojet. Hie verréit wéi eng Momenter hie besonnesch an Erënnerung bliwwe sinn.