Viru senger Zäit zu Lëtzebuerg war de Leopold Hager Chefdirigent um Mozarteum zu Salzburg. An deem Kader war hien dann op Concertstournée hei am Land. 1981 e puer Joer krut hien dann den Deal fir op Lëtzebuerg ze plënneren.
Fir de Salzburger Dirigent war dat ganz passend, well hien sech zu där Zäit net méi nëmme méi op Mozart fokusséiere well, mee Impressionismus a franséisch Musek. An dat war eppes wat Lëtzebuerg erméiglecht huet.
15 Joer laang war hien da Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, dem deemolegen RTL-Orchester. Hie verréit wéi et deemools fir hie vu Salzburg op Lëtzebuerg gaangen ass.