An der selwechter Stad gebuer ze si wéi de Mozart, dat ka säin Effekt hunn. An dat war och de Fall bei eisem drëtte Gaascht am Klassik Talk. Dat ass eng nei Podcast-Serie um Opus 100,7, an där mir d’Perséinlechkeet hanner dem Museker méi genee wëlle kenneléieren.
Eisen drëtten Invité ass den Dirigent Leopold Hager. Dee weltberüümten Dirigent gouf de 6. Oktober 1935 zu Salzburg gebuer a feiert deemno elo säin 90. Gebuertsdag. 15 Joer laang war hien de Chefdirigent vum deemolegen RTL-Orchester, haut Lëtzebuerger Philharmoniker. 2021 hu si hien och zu Éierendirigent genannt.
Opgewuess ass hien als Eenzelkand an enger Famill, an där d’Musek keng speziell Roll gespillt huet. Trotzdeem gouf Musek ganz séier e groussen Deel vu sengem Liewen. Esouvill datt hie manner Zäit verbruecht huet mat Fussball spillen a sech méi der Musek gewidmet huet. Dat éischt Instrument, dat hie geléiert huet, war de Piano, mee séier huet hien eng grouss Passioun fir d’Uergel entwéckelt.
Wéi säin Alldag als Salzburger Bouf deemools ausgesinn huet, dat huet de Leopold Hager dem Marie Schockmel am Klassik Talk verroden.