Episoden
Eng modern Interpretatioun vun der Lëtzebuerger Volleksmusek
D’Lëtzebuerger Volleksmusek nees méi lieweg a fir e modernen, internationale Public ze adaptéieren, dat huet sech de Projet Authentica un d’Häerz geluecht.
Ravel a Gershwin op engem eenzege Concert?
Den 100 % weiblechen Trio Kaléidoscope spillt de Sonnden 1. Februar e Concert am Trifolion, bei deem Impressionismus op Jazz trëfft.
E Lëtzebuerger Philharmoniker mécht Opnam mam Gautier Capuçon
De jonke Museker a Solo-Klarinettist vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, Arthur Stockel, huet en Disk mam weltberüümten Cellist opgeholl.
9 Proffen zu Esch "live in Concert"
"Wéi een Heemspill!" - De Christophe Frisch ass jonke Proff am Escher Conservatoire fir d'Cor. Am Oktett spillt de Museker dëse Samschden ee Concert duerch 150 Joer Museksgeschicht
100 Joer Escher Conservatoire
D'Geschicht vun der Schoul, d'Feierlegkeete ronderem de Jubiläum an d'Vergréisserung: Detailer doriwwer verréit de Sous-Direkter Claude Schlim
Den A CAPE’lla Festival
De Centre des Arts Pluriels Ettelbrück well mam A CAPE’lla Festival d'Diversitéit vum A-cappella-Gesang weisen.
Komponistinnen goufen et schonn ëmmer
Vill Leit denken nach ëmmer Komponistinne wieren e modernt Phenomen. Dobäi hu Fraë schonn ëmmer komponéiert.
Concert "Chocolat" am Bourglënster Schlass
Dë Sonndeg, 25. Januar 2026, presentéiert d'Lëtzebuerger Cembalistin Anne Galowich ee Concert ënnert dem Motto "Chocolat".
Neie Concerto vum Mozart gëtt an der Philharmonie gespillt
Nächste Méinden spillt den Albrecht Mayer, Oboist bei de Berliner Philharmoniker, e Concerto fir Hautbois vum Wolfgang Amadeus Mozart, dat 2020 uropgefouert ginn ass.
"Lëtz Next Generation"
Jonk Talenter als Soliste mam Orchestre de Chambre du Luxembourg an der Philharmonie.
English Trios
Dëse Sonndeg, 18. Januar um 11 Auer ass an der Salle de Musique de Chambre vun der Philharmonie e Concert, deen den Titel English Trios dréit.
5 Mol Jean-Pierre Kemmer
De Sidney Scho an de Cercle Symphonique Rumelange féieren de 17.01. 5 Wierker vum J.-P. Kemmer am ArcA zu Bartreng op.
Ee Bléck hanner d'Musek - Le siècle de Lucia
De Maurizio Spiridigliozzi huet mam Opéra-Poème "Le siècle de Lucia / non trovo il filo” säin éischten Opéra-Poème komponéiert. Mir blécken hanner d'Kompositioun an d'Iddien.
Dat sinn d'Gewënner:inne vun den ICMA
Bei den International Classical Music Awards ginn all Joers besonnesch Leeschtungen a ganz Europa geéiert. Elo stinn dann d'Gewënner:inne fir 2026 fest.
Lëtzebuerger Kompositioun zu Sofia gespillt - "Sogno premonitore"
“Sogno premonitore” heescht esouvill wéi een Dram, dee wouer gi soll. Et ass eng Kompositioun vun der Lëtzebuerger Komponistin Albena Petrovic.
"Le grand jeu de l'oubli et de la mémoire"
“Le Siècle de Lucia”, eng literaresch Spueresich no der Liewensrees vum Jean Portante senger Mamm. Eng Oper iwwer Erënnerung, Entwuerzlung an Identitéit
Till Eulenspiegel - eemol anescht!
Zwou Clowninnen, 5 Museker a vill tollpatscheg Momenter, kuerz: Till Eulenspiegel - eemol anescht!
D'Grenze sprengen
Neijoerschconcert vun de Lëtzebuerger Philharmoniker mat ungareschem Touch