"Dat bedeit puer Freed, well mir ganz vill Musek zesummen erlieft hunn", äntwert d'Maria Miteva op d'Fro wat déi 10 Joer Ars Nova Lux fir si bedeiten. Bei deem Ensembel ass si net nëmmen d'Flüttistin a Leederin, mee si huet en och virun 10 Joer zesumme mat der Komponistin Albena Petrovic an d'Liewe geruff. Am Fokus vun hire Concerte steet zënter dem Ufank Musek vu Lëtzebuerger Komponist:innen. De Samschden 3. Mee spillen si e Concert an der Philharmonie, mam Motto "Ways". Do geet et drëms, Kulturen zesummen ze bréngen. Dofir sti Wierker aus Japan, Bulgarien, Kroatien a Lëtzebuerg op der Affiche.
D'Maria Miteva erzielt am Gespréich mam Marie Schockmel méi.