Eng Komponistin déi innovéiert, déi couragéiert ass an déi bis zum Schluss zu hiren Iddie steet. Dat ass d’Élisabeth Jacquet de la Guerre. Scho mat 5 Joer ass si vum Louis XIV. als Musekerin op den Haff geruff ginn.
Si war déi éischt Fra a Frankräich déi eng Oper komponéiert huet an déi e Ballet komponéiert huet, an huet als eng vun deenen Éischten déi ‘italieenesch’ Forme vun der Kantat an der Sonat a Frankräich agefouert.
An och an hirer drëtter Triosonat vermëscht si den italieeneschen an de franséische Kompositiounsstil, a verankert esou hir Iwwerzeegung dass d’Musek dovu profitéiere géif wann dës zwou Stilrichtungen sech eng vun der anerer kéinte befruchten , amplaz drëm ze streide wéi ee Stil dee besseren ass.
D’Carole Mallinger huet sech dëst Wierk méi genau ugekuckt, an erzielt dem Marie Trussart wat dorunner esou besonnesch ass.