Rendering, eng Rekompositioun vu Schubert-Skizzen duerch den Italiener Luciano Berio an dem Gustav Holst seng Suite "The Planets" gi vum Nationalorchester vun der italieenescher RAI gespillt, ënnert der Leedung vum Schwäizer-amerikaneschen Dirigent John Axelrod. Hien ass 1966 zu Houston am US-amerikanesche Staat Texas gebuer, a war als Teenager Schüler beim weltberüümte Museker Leonard Bernstein. Aktuell ass den John Axelrod ennert anerem Chefdirigent vum Swiss National Orchestra.
Programm an Interpreten:
-
Luciano Berio / Franz Schubert: Rendering
-
Gustav Holst: The Planets, op. 32
-
Coro del Teatro Regio Torino
Orchestra Sinfonica Nazionale della RAI
John Axelrod, Direktioun
- Benjamin Britten: Les Illuminations, op. 18
Franziska Hirzel, Sopran
Kyjiv Chamber Orchestra
Roman Kofman, Direktioun
-
Eric Coates: Footlight Waltz
Slowakesche Radio-Symphonieorchester
Andrew Penny, Direktioun