Radioen

On air

Musikalesch Häpperecher  |  Johann Sebastian Bach - Concerto fir dräi Geien a Ré Majeur, BWV 1064r, I. Allegro - David Castro-Balbi (Gei), Raphael Hevicke (Gei), Gernot Süßmuth (Gei/Dir.), Thüringer Bach Collegium

play_arrow Live
arrow_back_ios

Concert

opus / Concert

/ 100 Joer Swedish Radio Choir

100 Joer Swedish Radio Choir

A cappella, also ouni instrumental Begleedung trëtt de Swedish Radio Choir de 15. Mäerz 2025 an der Berwaldhallen zu Stockholm op. Um Programm stinn ofwiesslungsräich Wierker, vu 4 schweedeschen, a 6 aneren europäesche Komponisten. Opgefouert gëtt haaptsächlech Musek aus dem 20. an 21. Joerhonnert.

Déi 32 Sängerinnen a Sänger ginn dirigéiert vum letteschen Dirigent Kaspars Putniņš, deen de Chouer zënter der Saison 20/21 leet. De Swedish Radio Choir gouf 1925 gegrënnt a feiert dëst Joer säin 100. Gebuertsdag.


Programm:

Giovanni Pierluigi da Palestrina (ca.1525-1594): Extrait aus der "Missa Papae Marcelli"

Johann August Södermann (1832-1876): Agnus Dei

Alice Tegnér (1864-1943): Ave Maria

Krzysztof Penderecki (1933-2020): Agnus Dei

Alma Mahler (1879-1964): "Die stille Stadt" a "Laue Sommernacht" aus "Drei frühe Lieder"

Frank Martin (1890-1974): Sanctus aus der Mass fir duebele Chouer

Arne Mellnäs (1933-2002): Laude: Il cantico di frate sole

György Ligeti (1923-2006): Drei Phantasien (1. Hälfte des Lebens, 2. Wenn aus der Ferne, 3. Abendphantasie)

Hans Gefors (*1952): "Canto 1" aus "Whales Weep Not!"

Francis Poulenc (1899-1963): "Liberté" aus "Figure Humaine"

Folke Rabe (1935-2017): Rondes (Zugab)


Interpreten:

Swedish Radio Choir

Kaspars Putniņš, Direktioun


Dëse Concert ass bis de 16. Mee 2025 disponibel an der Mediathéik op www.opus.radio

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

De Freiburger Barockorchester spillt Vivaldi

Venedeg war dem Vivaldi seng Heemecht, virun allem seng Concerti awer hunn am Barock ganz Europa eruewert. De Freiburger Barockorchester spillt epuer vu senge bedeitendste Wierker.

Den Ádám Fischer dirigéiert Mozart

Den ungareschen Dirigent Ádám Fischer, en ausgewisene Spezialist vum klassesche Repertoire, dirigéiert d'Symphonien Nr. 39, 40 an 41 vum Wolfgang Amadeus Mozart

Ein Deutsches Requiem

Dem Johannes Brahms säi "Requiem" ass weltberüümt. Hei séngt en ee groussen däitsche Chouer an der Philharmonie: d'Gaechinger Cantorey.

Matthäuspassioun

Eng Opféierung mam Simon Rattle a mam Chouer an Orchester vum Bayresche Rundfunk

Rising Star Matilda Lloyd

E Concert vun der brittescher Trompettistin a Rising-Star vun dësem Joer Matilda Lloyd zesumme mam Pianist Martin Cousin

E Requiem wéi keen aneren

Dem Gabriel Fauré säi Requiem: e Wierk, bei deem den Doud net nëmmen negativ a schwéierfälleg ass. D'Doudesmass gëtt duerch méi liicht Motette vum Bruckner a Fauré opgelockert.

Kammermusek fir den Ouschterbrunch

De Quatuor de Luxembourg spillt Haydn a Grieg am Kammermusekssall vun der Philharmonie.

100 Joer Swedish Radio Choir

En a cappella-Concert mat schweedeschen an aneren europäesche Komponiste vun der Renaissance bis haut

Sayako Kusaka and friends

Déi japanesch Geiistin Sayako Kusaka presentéiert Musek vu Bach, Mahler, Clara a Robert Schumann.

Hommage un d'Sofia Gubaidulina

Dës Emissioun ass en Hommage un d'Komponistin Sofia Gubaidulina, déi den 13. Mäerz 2025 gestuerwen ass.

Romantesch Téin aus der Philharmonie

D’Frënn vun de Lëtzebuerger Philharmoniker invitéieren op e Kammermusiksconcert mat fréiromantesche Wierker vu Schumann, Mozart a Weber.

Hommage un de Vladimir Valek

Dëse Concert setzt sech zesummen aus verschiddenen Opnamen vum Prager Radio Symphonieorchester ënnert der Leedung vun sengem laangjährege Chefdirigent, dem Vladimir Valek.

Op de Spuere vu "Carmen"

D'Oper "Carmen" begeeschtert de Public ëmmer op en Neits, mee och déi zwou Carmen Orchestersuitte kennen e grousse Succès. An dës sinn net déi eenzeg gefeiert Wierker an dësem Programm.

"Wir sind wie zwei Brüder"

Den Cellist Alexander Hülshoff an de Pianist Andreas Frölich spillen de 27. Januar 2025 ee Concert an der Philharmonie, um Mozart sengem Gebuertsdag an um Internationale Gedenkdag un d'Affer vum Holocaust.

Galaconcert SOS Weltkannerdierfer

Ee Concert an der Philharmonie am Kader vum Galaconcert fir d'SOS Weltkannerdierfer den 12. Dezember 2024. D'Lëtzebuerger Philharmoniker spillen zesumme mam jonken ukrainesche Geiist Dmytro Udovychenko.

Franz héich 2

Dem Franz Schubert seng éischter manner bekannte Sinfonie Nr. 6 trëfft op dem Franz Berwald seng 2. Sinfonie mam Bäinumm "La Capricieuse". Zwee Wierker, déi laang Zäit ënnerschat goufen.

Zäitrees an d’Wiener Klassik

Mir maachen eis op de Wee an eng europäesch Haaptstad, déi d’Museksgeschicht iwwer Joerhonnerte staark gepräägt huet, mat Wierker vu Mozart a Beethoven.

Concert a Commemoratioun vum Holocaust

Optrëtt am Mierscher Theater am Kader vum 80. Joresdag vun der Befreiung vun Ausschwitz mat der Lëtzebuerger Militärmusek

100 Joer Pierre Boulez

De Pierre Boulez ass virun allem bekannt als Komponist vun Neier Musek. Als Dirigent huet hie sech awer engem méi traditionelle Repertoire gewidmet.