Radioen

On air

Musikalesch Häpperecher  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Concert

opus / Concert

/ Franz héich 2

Franz héich 2

Souwuel de Franz Schubert wéi och de Franz Berwald ware Komponisten, deenen hiert Liewenswierk eréischt laang no hirem Doud wierklech opgeschafft, gespillt a wäertgeschat gouf. Déi zwee verbënnt nieft hirem Numm a Schicksal awer och d'Verbonnenheet mat der romantescher Klangwelt. De Schubert huet sech laang Zäit éischter mat klenge Besetzunge wéi Pianosstécker oder Lieder beschäftegt an ass bis haut virrangeg fir dës bekannt. Seng Sinfonië sinn Zäit senges Liewens bal guer net ëffentlech opgeféiert ginn, esou datt hie se zimmlech sécher ni selwer materlieft huet. Och dem Berwald seng Wierker goufen a Schwede laang net appreciéiert, esou gouf och seng "Sinfonie capricieuse" méi wéi 70 Joer no hirer Kreatioun uropgeféiert.


Béid Sinfonien, dem Schubert seng "Kleng an Do Majeur" an dem Berwald seng "Sinfonie capricieuse" iwwerzeegen nieft hirem romantesche Gehalt duerch hir Sprëtzegkeet a fulminant-feierlech Passagen. Interpretéiert ginn dës zwee net esou dacks gespillte Wierker vum Swedish Radio Symphony Orchestra ënner der Leedung vum Herbert Blomstedt.

Dëse Live-Matschnëtt gouf vum Sveriges Radio an der Berwaldhallen opgeholl.


Lauschtere kënnt Dir dëse Concert nach bis de 27. Abrëll 2025 an der Mediathéik vum opus 100,7.


Programm:

Franz Schubert (1797-1828): Sinfonie Nr. 6 an Do Majeur, D. 589

Franz Berwald (1796-1868): Sinfonie Nr. 2 a Ré Majeur ("Capricieuse")


Interpreten:

Swedisch Radio Symphony Orchestra

Herbert Blomstedt, Direktioun

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

De Freiburger Barockorchester spillt Vivaldi

Venedeg war dem Vivaldi seng Heemecht, virun allem seng Concerti awer hunn am Barock ganz Europa eruewert. De Freiburger Barockorchester spillt epuer vu senge bedeitendste Wierker.

Den Ádám Fischer dirigéiert Mozart

Den ungareschen Dirigent Ádám Fischer, en ausgewisene Spezialist vum klassesche Repertoire, dirigéiert d'Symphonien Nr. 39, 40 an 41 vum Wolfgang Amadeus Mozart

Ein Deutsches Requiem

Dem Johannes Brahms säi "Requiem" ass weltberüümt. Hei séngt en ee groussen däitsche Chouer an der Philharmonie: d'Gaechinger Cantorey.

Matthäuspassioun

Eng Opféierung mam Simon Rattle a mam Chouer an Orchester vum Bayresche Rundfunk

Rising Star Matilda Lloyd

E Concert vun der brittescher Trompettistin a Rising-Star vun dësem Joer Matilda Lloyd zesumme mam Pianist Martin Cousin

E Requiem wéi keen aneren

Dem Gabriel Fauré säi Requiem: e Wierk, bei deem den Doud net nëmmen negativ a schwéierfälleg ass. D'Doudesmass gëtt duerch méi liicht Motette vum Bruckner a Fauré opgelockert.

Kammermusek fir den Ouschterbrunch

De Quatuor de Luxembourg spillt Haydn a Grieg am Kammermusekssall vun der Philharmonie.

100 Joer Swedish Radio Choir

En a cappella-Concert mat schweedeschen an aneren europäesche Komponiste vun der Renaissance bis haut

Sayako Kusaka and friends

Déi japanesch Geiistin Sayako Kusaka presentéiert Musek vu Bach, Mahler, Clara a Robert Schumann.

Hommage un d'Sofia Gubaidulina

Dës Emissioun ass en Hommage un d'Komponistin Sofia Gubaidulina, déi den 13. Mäerz 2025 gestuerwen ass.

Romantesch Téin aus der Philharmonie

D’Frënn vun de Lëtzebuerger Philharmoniker invitéieren op e Kammermusiksconcert mat fréiromantesche Wierker vu Schumann, Mozart a Weber.

Hommage un de Vladimir Valek

Dëse Concert setzt sech zesummen aus verschiddenen Opnamen vum Prager Radio Symphonieorchester ënnert der Leedung vun sengem laangjährege Chefdirigent, dem Vladimir Valek.

Op de Spuere vu "Carmen"

D'Oper "Carmen" begeeschtert de Public ëmmer op en Neits, mee och déi zwou Carmen Orchestersuitte kennen e grousse Succès. An dës sinn net déi eenzeg gefeiert Wierker an dësem Programm.

"Wir sind wie zwei Brüder"

Den Cellist Alexander Hülshoff an de Pianist Andreas Frölich spillen de 27. Januar 2025 ee Concert an der Philharmonie, um Mozart sengem Gebuertsdag an um Internationale Gedenkdag un d'Affer vum Holocaust.

Galaconcert SOS Weltkannerdierfer

Ee Concert an der Philharmonie am Kader vum Galaconcert fir d'SOS Weltkannerdierfer den 12. Dezember 2024. D'Lëtzebuerger Philharmoniker spillen zesumme mam jonken ukrainesche Geiist Dmytro Udovychenko.

Franz héich 2

Dem Franz Schubert seng éischter manner bekannte Sinfonie Nr. 6 trëfft op dem Franz Berwald seng 2. Sinfonie mam Bäinumm "La Capricieuse". Zwee Wierker, déi laang Zäit ënnerschat goufen.

Zäitrees an d’Wiener Klassik

Mir maachen eis op de Wee an eng europäesch Haaptstad, déi d’Museksgeschicht iwwer Joerhonnerte staark gepräägt huet, mat Wierker vu Mozart a Beethoven.

Concert a Commemoratioun vum Holocaust

Optrëtt am Mierscher Theater am Kader vum 80. Joresdag vun der Befreiung vun Ausschwitz mat der Lëtzebuerger Militärmusek

100 Joer Pierre Boulez

De Pierre Boulez ass virun allem bekannt als Komponist vun Neier Musek. Als Dirigent huet hie sech awer engem méi traditionelle Repertoire gewidmet.