Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  Elisabeth Jacquet de La Guerre - Sonat fir Gei Nr.2 a La Mineur, II. Allegro - The Bach Players

play_arrow Live
arrow_back_ios

Presserevue

opus / Presserevue

/ Presserevue

Presserevue

headphones

5 min

Lauschteren play_arrow

Rezent Revelatioune ronderëm Interessekonflikter vu verschiddene Membere géifen de Staatsrot erëm an d'Kritik bréngen, esou d'Tageblatt. déi Lénk hat jo gëschter gefuerdert, datt de Staatsrot a senger aktueller Form soll ofgeschaaft ginn. Hannergrond dovun ass een Artikel d'lescht Woch vum Online-Magasinn Reporter, iwwer - Zitat - "offensichtlech Interessekonflikter" vun e puer vun de Membere vum Staatsrot. Am Tageblatt erënnert de Stefan Kunzmann haut och u Kriticken aus der Vergaangenheet.


"Sam Tanson: Pragmatisch durch die Pandemie" schreift d'Luxemburger Wort haut grouss op senger éischter Säit. déi gréng Justizministerin hätt grad an der Gesellschaftspolitik wëllen Akzenter setzen. De Coronavirus hätt hir e Stréch duerch d'Rechnung gemaach, heescht et am Ministerinne-Bilan am Wort.


Dat bedéngungsloost Grondakommes ass an alle Modeller onsozial: där Meenung ass de Christoph Kühnemund haut a sengem Editorial an der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek.

Episoden

Editioiun 8h15

Dem Premier seng Ried zur Lag vun der Natioun léisst d'Zeitungen zimmlech skeptesch, si zweiwelen drun, datt et keng sozial Aschnëtter soll ginn.
headphones

5 min

play_arrow

Editioiun 7h15

D'Zeitungen analyséieren déi grouss Ukënnegunge vum Premier a senger Ried zur Lag vun der Natioun: de Luc Frieden huet si net iwwerzeegt, datt et keng sozial Aschnëtter soll ginn.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 8h15

Déi politesch Säit vum ESC, deen dës Woch zu Basel ufänkt, d'Konsequenze vum dréchene Wieder an d'Erwaardungen un d'Ried zur Lag vun der Natioun sinn Theemen.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 7h15

D'Zeitunge maachen sech am Virfeld vum Premier senger Ried zur Lag vun der Natioun Gedanken iwwert d'Theemen, déi mussen ugeschnidde ginn an dozou gehéiert de Kampf géint Aarmut.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 8h15

Et wier net méi méiglech, d'Gewässer hei am Land bis 2027 nees an e gudden Zoustand ze bréngen, sou wéi d'EU-Direktiv dat virschreift, sou den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7h15

D'Grenzkontrolle mat Däitschland si grousst Theema an der Press, d'Kriticke ginn ëmmer méi schaarf an et ass d'Fuerderung, datt Lëtzebuerg endlech eng Plainte soll maachen.
headphones

4 min

play_arrow

De Bléck an d'Zeitungen

Zwee Themen dominéieren haut an der Presse: de Poopst an de GridX
headphones

4 min

play_arrow

Edition 08:15

D'ADR an d'Brandmauer, eng Sonndesfro an d'Erënnenren un d'Enn vum Krich, dat sinn eis Themen haut an der Presserevue
headphones

8 min

play_arrow

Editioun 07:15

D'ADR an d'Brandmauer, eng Sonndesfro an d'Erënnenren un d'Enn vum Krich, dat sinn eis Themen haut an der Presserevue
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 8:15

De Guy Wolff gëtt neien Direkter vu Spektrum - ee weidere Sujet an der Press vun haut.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7:15

Kritik un der LUGA haut um Optakt, eng ukrainesch Famill, déi aus der Struktur eraus muss, a Kritik vum Léon Gloden un de Grenzkontrollen: Sujete vun haut an der Press
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 8:15

Drock op Lëtzebuerger Entreprise wéinst Diversitéitsprogrammer? Ee weidere Sujet an der Press vun haut
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7:15

Widderspréch am Kader vum Heescheverbuet, d'Waarden op d'Steierreform a KI an Affekote-Büroen: dat sinn Theemen an der nationaler Press haut.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 8:15

Philippe Schaack, fréiere Mataarbechter vum Geheimdéngscht mat schwéiere Reprochen, Harcèlement moral bei ASBL Autisme Luxembourg, an eng Kampagne vun der ADR
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7:15

Philippe Schaack, fréiere Mataarbechter vum Geheimdéngscht mat schwéiere Reprochen, Harcèlement moral bei ASBL Autisme Luxembourg, a Lëtzebuerg un der Spëtzt bei Aarbechtskäschten
headphones

6 min

play_arrow

De Bléck an d'Zeitungen

D'Zeitunge schreiwen iwwer déi rhetoresch Talenter vun eise Politiker an ë. a. iwwer d'Josée Hansen an d'Laura Thorn.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 08:15

Geschäftsrelatioune mat Huawei, Buschaufferen ouni Beschäftegung a schwéier Zäite fir de Frae-Vëlossport, dat sinn eis Theemen haut an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

Geschäftsrelatioune mat Huawei, en haarden Éischte Mee a schwéier Zäite fir de Frae-Vëlossport, dat sinn eis Theemen an der Presserevue.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 8h15

De "Problemfall" ONA an déi chaotesch Zoustänn beim Accueil vu Flüchtlingen an de Chaos ronderëm den neie Monogramm op den offiziellen Uniformen, wann de Guillaume Grand-Duc gëtt.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 7h15

E Polizist fuerdert viru Geriicht Schuedenersatz vun der Policegewerkschaft a virum 1. Mee gi sech Froen iwwer de Lëtzebuerger Sozialmodell gestallt.
headphones

4 min

play_arrow