Presserevue

headphones

5 min

Lauschteren play_arrow

Op en Neits ass jo eng Kandidatin duerch d'Verbreede vun dubiéisen Inhalter opgefall, schreift d'Wort. Wat maachen also d'Parteie fir sécherzestellen, datt d'Kandidaten net de Ruff vun der Partei a Gefor bréngen, freet d'Ines Kurschat am Artikel op de Politik-Säiten am Lëtzebuerger Wort.


D'ADR gesäit sech als eenzeg wierklech Alternativ zu de grousse Parteien, dat gëtt een haut am Quotidien gewuer. Et wier een eng Partei vum Courage, seet de Spëtzekandidat Fred Keup an der franséisch-sproocheger Dageszeitung.


Den DP-Minister Lex Delles kritt am Luxembuerger Wort eng positiv Bewäertung fir seng Aarbecht an de leschte fënnef Joer. "Junior-Minister überzeugt mit Fleiss-Arbeit" heescht et do, an "Newcomer Lex Delles punktet als resoluter Minister".


Déi national Press presentéiert vum Serge Kesseler.

Episoden

Editioun 7h15

De Gary Diderich an d'Ana Correia da Veiga huelen an der Chamber d'Relève vun den zwee Deputéierte vun déi Lénk, Marc Baum an David Wagner.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun vum Weekend

DP-Ministerin Stéphanie Obertin, d'National Archiven an de Kanal ënner der Uelzechtstrooss zu Esch sinn d'Opmaacher an der geschriwwener Press.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun vun 08:15

Krankeschäiner wéinst Depressiounen, an d'Fifa an d'Kommerzialiséierung - weider Sujeten an den Zeitunge vun haut
headphones

6 min

play_arrow

Editioun vun 07:15

Kritik un der Propos vum Defenseministère fir nei Euro-Schäiner, eng Waasserblos zu Housen, an d'Resilienz vu Lëtzebuerg a Saache Bëschbränn - Theemen haut an der nationaler Press
headphones

5 min

play_arrow

Editioun vun 08:15

D'Radikaliséierung vu Jonken - ee weidert Theema an der nationaler Press vun haut
headphones

5 min

play_arrow

Editioun vun 07:15

D'Gaspräisser an d'Bränn an Europa - Theemen an der nationaler Press vun haut
headphones

5 min

play_arrow

Editioun vun 08:15

D'Konsequenze vun der Dréchent fir d'Landwirtschaft - ee weidert Theema an der nationaler Press vun haut.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun vun 07:15

D'Iwwerbeleeung an de Prisongen, Rotatiounen an der Chamber an d'Stierfhëllef: dat sinn Theemen an der nationaler Press haut.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun vun 08:15

Mat ë. a. de Sujete Milliounenierfschaft fir de Staat, Stadentwécklung an der Stad an zwou LGBTQ-Baren an der Stad
headphones

3 min

play_arrow

Editioun vun 07:15

Mat ë. a. de Sujete Milliounenierfschaft fir de Staat, Stadentwécklung an der Stad an zwou LGBTQ-Baren an der Stad
headphones

3 min

play_arrow

Editioun vun 08:15

Mat de Sujeten Aarbecht vun der Croix-Rouge, vu Médecins du Monde a vun enger Immobilienagence fir benodeelegt Leit
headphones

7 min

play_arrow

Editioun vun 07:15

Mat de Sujeten Aarbecht vun der Croix-Rouge, vu Médecins du Monde a vun enger Immobilienagence fir benodeelegt Leit
headphones

4 min

play_arrow

Editioun vum Weekend

Mat ë. a. de Sujeten Immigratioun, Gemengepolitik Hesper, Gréiwemaacher Commerce an europäesch Bëschfeieren
headphones

4 min

play_arrow

Editioun vun 08:15

Diskussioun iwwer Leihmutterschaft, e Parking zu Rodange an en Ëmweltministère an deem gäre geflu gëtt, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 07:15

Diskussioun iwwer Leihmutterschaft, e Parking zu Rodange an en Ëmweltministère an deem gäre geflu gëtt, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 08:15

Zu Jonglënster wäert et knuppen, iwwer eisem Sozialsysten hänke schwaarz Wolleken an de Projet ALPHA steet nach eemol an der Kritik: dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

En Audit, dee spéit kënnt, a gesprengten Antennen, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 08:15

D'Korruptiounsaffär an der Immigratioun aus der Siicht vum Jean Bour an de Xavier Bettel zum Theema Leihmutterschaft, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

D'Korruptiounsaffär an der Immigratioun aus der Siicht vum fréiere Procureur Jean Bour, Problemer bei der Pride an d'Dréchent mécht de Bauere Problemer.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 08:15

E Bilan vun de Bilansiessen, d'Elektromobilitéit boomt an eng schosssécher West fir e Minister, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

6 min

play_arrow