Das musikalische Pompeji
The English Concert
8 min
Den Trevor Pinnock ass an de 1980er Joren den éischten Direkter vun engem Early Music Ensembel, deen e Plackevertrag bei Deutsche Grammophon kritt. Et ass "The English Concert", en Ensembel fir Barock Musek, deen och nach hautzedaags grouss gefeiert gëtt. Och scho viru ronn 40 Joer huet den Ensembel mat senger Musek vum Händel, Vivaldi a Bach ëmmer méi Mënsche matgerappt.
En aneren Ensembel, deen deemools zu London gegrënnt gouf, ass d'Academy of St Martin in the Fields, mam Sir Neville Marriner um Dirigentepult. De Joachim Fontaine kuckt op Pionéier vun der Early Music.