D'Sofia Gubaidulina gëtt als Einsiidlerin beschriwwen, déi flitt, nëmme geleeëntlech eise Planéit besicht an eis beliicht, éier si erëm op hir Ëmlafbunn eropflitt. Si gehéiert zu deene weltwäit unerkannte Komponisten a Komponistinnen aus Russland, déi nom Schostakowitsch koumen.
D'Maria Gutierrez werft e Bléck op d'Liewe vun der tatarescher Komponistin, deenen hir Wierker an der Sowjetunioun verbuede goufen, well hir Musek de Virstellunge vum Regimm net gepasst huet.