Sequenza
D'Margarete Schweikert an d'Charlotte Sohy
9 min
D'Margarete Schweikert an d'Charlotte Sohy kommen alle béid am Joer 1887 op d'Welt. D'Margarete Schweikert an Däitschland an d'Charlotte Sohy a Frankräich.
D'Margarete Schweikert komponéiert am Ganzen 160 Lieder, dorënner och d'Musek zum Märchespill fir Kanner "Der Froschkönig" - ee Wierk, dat deemools zemools an der Chrëschtdagszäit dacks opgeféiert gouf.
D'Charlotte Sohy war eng Kandheetsfrëndin vun der Nadia Boulanger. Si léiert Uergel ze spillen a komponéiert spéiderhin ënner anerem Massen, Kammermusekswierker an och eng Sinfonie.
D'Maria Gutierrez werft ee méi geneeë Bléck op d'Liewe vun dësen zwou Komponistinnen.