Panorama

headphones

11 min

Lauschteren play_arrow

1. Mat engem ambitiéisen Energie- a Klimaplang wëllt d'Regierung géigesteieren, e ganze Pak u finanzielle Mesuren soll den Ausbau vu Photovoltaik-Anlagen ënnerstëtzen. Parallel soll d'CO-Tax schrëttweis erhéicht ginn

2. Den 8. Mee sollen d'Eisebunnslinnen Ettelbréck-Kautebaach respektiv Kautebaach-Wolz nees opgoen, dat huet de Mobilitéitsminister François Bausch gëschter confirméiert. Fir d'Reouverture vun der Streck Kautebaach-Klierf, wou en Tunnel agefall war, gëtt et nach keen Datum

3. De Prozess Lunghi-RTL gouf op en Neits verluecht: Ee vun den Ugeklote konnt wéinst gesondheetleche Grënn net derbäi sinn, hien insistéiert awer fir seng Ausso viru Geriicht ze maachen. De Prozess hat Enn Februar scho misse verluecht ginn, well en Affekot gesondheetlech Problemer hat

4. En Appell u China sech un international Reegelen ze halen an un de Sudan d'Gewalt am Land direkt ze stoppen: D'G7 Staaten hu gëschter a Japan e Schlussdokument verëffentlecht. Et ass een och zu weidere Sanktioune géint Russland bereet

5. D'Rentereform war inevitabel, soss wieren d'Renten erofgaangen oder d'Cotisatiounen erop, esou de franséische President Emmanuel Macron gëschter a senger Televiounsried. Hien huet versprach op d'Patronen an op d'Gewerkschaften duerzegoen

6. Plainte géint Taxonomie: Verschidden Ëmweltorganisatioune kloen virum Europäesche Geriichtshaff géint d'Aklasséiere vu Gas an Atomenergie als nohalteg Energieformen. Och Éisträich a Lëtzebuerg haten eng Plainte géint déi sougenannt EU-Taxonomie agereecht

7. Am Bundesstaat Missouri an den USA gouf elo ee 85 Joer ale Mann ugeklot, hien hat duerch eng Dier op e jugendlechen Afroamerikaner geschoss, well deen iertemlecherweis u senger Dier geschellt hat. Dee 16 Joer ale Bouf gouf liewensgeféierlech um Kapp blesséiert

8. An der Fussball Champions League sinn haut d'Retourmatcher vun de Véierelsfinallen, Chelsea spillt géint Real Madrid a muss en 2-0 Retard ophuelen, Neapel trëfft op AC Mailand, Mailand hat hei am aller Match 1-0 gewonnen







Episoden

Owespanorama

Zuchstreck Lëtzebuerg-Bréissel: méi séier Verbindung eréischt no 2030 / Nepal: Bilan op iwwer 350 Doudeger geklommen / Serbe-Generol Ratko Mladic ass dout
headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

Bilan no Flutkatastroph klëmmt op 270 Doudeger / Gesondheetszoustand vum norwegesche Kinnek Harald verschlechtert / CIA Chef soll virun Attack op NATO gewarnt hunn
headphones

10 min

play_arrow

Moiespanorama

Nepal-Tibet: Bilan vun Äerdrutsch klëmmt op iwwer 160 Doudeger / Hëtzt-Dréchent: Héich Abousse bei Recolten an EU / Meta: Féiert Limitatioune fir Jonker an
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Nepal-Tibet: Bilan vun Äerdrutsch klëmmt op iwwer 160 Doudeger / Hëtzt-Dréchent: Héich Abousse bei Recolten an EU / Meta: Féiert Limitatioune fir Jonker an
headphones

13 min

play_arrow

Owespanorama

Gemëschte Bilan vum Karschnatz 2026 / Äerdrutsch am Himalaya mat Honnerte Vermëssten / Prënz Harry a Meghan sinn zréck
headphones

12 min

play_arrow

Mëttespanorama

Duerchwuesse Röcolte 2026 / Luxairport préparéiert sech fir New York Vol / Massiven Erdrutsch am Tibet
headphones

10 min

play_arrow

Moiespanorama

Dolly Parton: US Country-Museks-Legend mat 80 Joer gestuerwen / Lëtzebuerg-Newark: Ministerin begréisst nei Streck / Drauwelies: Kritik vu Privatwënzer wéinst Saisonsaarbecht
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Dolly Parton: US Country-Museks-Legend mat 80 Joer gestuerwen / Lëtzebuerg-Newark: Ministerin begréisst nei Streck / Drauwelies: Kritik vu Privatwënzer wéinst Saisonsaarbecht
headphones

12 min

play_arrow

Owespanorama

United Airlines: Direktvol Lëtz-Newark / Fuerderungen Fräie Lëtz. Bauereverband / Belsch: zweet Läich fonnt an Affär ëm vermësste Papp a Jong / Kanada Géigestroftaxen op US-Produit
headphones

12 min

play_arrow

Mëttespanorama

Luc Frieden: Ukrain bräicht weider Ënnerstëtzung / Patientevertriedung géint Liberaliséierung vum Gesondheetssystem / Bob Jungels kuckt zefridden op Vëloskarriär zeréck
headphones

10 min

play_arrow

Moiespanorama

Zwee grouss Prozesser am Appell / US-Sanktioune géint den Iran / Pech fir de Mats Wenzel bei der Vuelta am Cyclissem
headphones

10 min

play_arrow

Moiespanorama

Zwee grouss Prozesser am Appell / US-Sanktioune géint den Iran / Pech fir de Mats Wenzel bei der Vuelta am Cyclissem
headphones

10 min

play_arrow

Owespanorama

No Accident mat Farerflucht: presuméierte Chauffer an Untersuchungshaft / Neien Temperaturrekord Weltmierer / Vuelta: Mats Wenzel vir - ma Course gouf annuléiert
headphones

11 min

play_arrow

Mëttespanorama

Feier an enger Zell am Prisong zu Schraasseg / Uebstbauere fuerderen nei Waasserstrategie / Holland zitt sech aus ESC zréck
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

No déidlecher Fahrerflucht: Chofer gouf festgeholl / Koalitioun vun de Wëllegen gesäit sech zu Kyiv / 40.000 Leit wéinst Bëschbränn am Nevada evakuéiert
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

No déidlecher Fahrerflucht: Chofer gouf festgeholl / Koalitioun vun de Wëllegen gesäit sech zu Kyiv / 40.000 Leit wéinst Bëschbränn am Nevada evakuéiert
headphones

12 min

play_arrow

Police lancéiert Zeien Opruff wéinst Fahrerflucht / Handelskrich tëscht den USA a Kanada / Prënz Harry a Meghan plënneren a Groussbritannien
headphones

10 min

play_arrow

Handelskrich tëscht USA a Kanada kéint sech zouspëtzen / Bundeskanzler F. Merz wëllt no Bëschbränn an NRW nei Moossnamen an d'A faassen / Vuelta: Tadej Pogacar am roude Maillot
headphones

11 min

play_arrow

Owespanorama

Pëtrolskonzerner: Sechs EU-Länner fuerdere Steieren op Pëtorols-Profitter / Ukrain: Macron versprécht méi Ofwierrakéiten no russescher Attack mat 16 Doudegen
headphones

11 min

play_arrow

headphones

10 min

play_arrow