Presserevue

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

De Premier Xavier Bettel huet dem Direktiouns-Comité vun der Maison du Grand-Duc viru knapp engem Mount een Ultimatum gestallt: doriwwer informéiert de Moien d'Lëtzebuerger Land. Rieds geet vun enger Gouvernance-Kris bei dëser Institutioun, déi am Déngscht vum Staatschef ass.


D'Bedruchsaffär wäert kaum Suitten hunn, heescht et dann am Editorial vum Davis Thinnes am Luxemburger Wort: hei geet et ëm déi béid Gemenge-Beamten zu Hesper, déi bannent 19 Joer 5,2 Milliounen Euro solle verontreit hunn, wat kee matkritt hat.


D'Tageblatt huet e Verglach tëschent dem ëffentlechen Transport an dem Auto gemaach: wärend dem Beruffs-Trafic ass d'Zeitung digital aus 144 Lëtzebuerger Uertschaften op déi Stater Gare gefuer, eng Kéier mam ëffentlechen Transport an eng Kéier mam Auto.


An de Quotidien huet e Bléck hanner d'Kulisse vum Hotel Le Royal hei an der Stad gehäit: all Dag géife sech 16 Leit am prestigiéise Fënnef-Stären-Hotel ëm d'Botze vun den Zëmmeren op sechs Stäck këmmeren.


Theemen aus der nationaler Press presentéiert vum Serge Kesseler.

Episoden

Editioun 08:15

Firwat net alles Gold ass, wat blénkt, riets Tendenzen an der Asylpolitik an Nowéie vun engem Zuchaccident, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 07:15

Opstand vun de Plattformaarbechter, Nationalgefiller an Nowéie vun engem Zuchongléck, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 8h15

D'Zeitungs-Editorialiste gleewen net esou richteg un de Friddensaccord, deen den Donald Trump mam Iran soll ënnerschreiwen, eng Garantie fir Fridden am Noen Oste wier en net.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 7h15

Vun e Freideg un däerfen d‘Geschäfter méi laang op hunn, mee wéi et schéngt, hunn déi meescht keng Ännerunge geplangt, weder déi grouss Akafszentren nach déi kleng Geschäfter.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 8h15

Den CSV-Inneminister hätt d'LSAP beim Vott vum europäeschen Asyl- a Migratiounspak virgeféiert a méiglecherweis wier eppes drun, datt d'Liz Braz d'Partei wéilt wiesselen.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 7h15

D'OGBL-Presidentin Nora Back schwätzt iwwer déi extreem schwiereg an haart Tripartiteverhandlungen an datt mam Resilienzpak hire Kampf nach laang net eriwwer ass.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun vum Weekend

D'Wuesstumsdebatt, d'Ofstëmmungsverhale bei der LSAP an d'Francopholies sinn Theemen an der nationaler Press vum Weekend.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 08:15

Cattenom a seng Konsequenzen, KI bei parlamentaresche Froen an Tripartite-Punkte fir de Premier, dat sinn d'Themen an der Presserevue
headphones

7 min

play_arrow

Editioun 07:15

Zoff an der LSAP-Fraktioun, de Premier mat Pluspunkten an ChatGPT fir parlamentaresch Froen ze beäntwerten, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 08:15

Optakt vun der Fussball-WM an de Claude Turmes mellt sech zeréck, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

Optakt vun der Fussball-WM an de Claude Turmes mellt sech zeréck, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 08:15

Eng verblenten Asylpolitik, Beleidegungen op Social Media an eng Fussball-Weltmeeschterschaft, déi vill Froen opwerft, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 07:15

Risike beim Kloteren, e verblenten Inneminister a Beleidegungen am Internet, dat sinn eis Theemen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7h15

Den Tripartitesaccord gëtt kritesch an den Zeitungen analyséiert, ënner anerem well fossil Energië subventionéiert ginn, amplaz datt de Verbrauch reduzéiert gëtt.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 8h15

Zënter dem Untrëtt vun der CSV-DP-Regierung si 46 nei politesch Beamten nominéiert ginn, an dëst Joer am Abrëll direkt siwen an engem Dag, wéi an der Press analyséiert gëtt
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7h15

De Weekend hat d'DP hire Kongress, den Echoen an den Zeitungen no war dee Kongress éischter platt, net vill Inhalt an de Walkampf wier definitiv nach net lancéiert.
headphones

4 min

play_arrow

De Bléck an d'Zeitungen

D'Journalistekolleege beschäftege sech haut virun allem mam Accord an der Tripartite.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 08:15

Eng Tripartite, déi séier ofgeschloss gouf, een net ganz esou séieren Tram an nach ëmmer Prioritéit fir den Auto an der Stad.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

Eng Tripartite, déi séier ofgeschloss gouf, Fraktiounscheffen op der Rees an een net ganz esou séieren Tram, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow