Das musikalische Pompeji
Nei Klangfaarwen
9 min
Zanter an der Romantik d'Orchesterbesetzunge stänneg gewuess sinn, d'Concertssäll ëmmer méi grouss goufen, huet och de Klang - virun allem awer d'Lautstäerkt vun den Instrumenter missen ugepasst ginn. Bei den Holzbléiser gouf de Klappesystem ageféiert, an d'Instrumentebauer hunn och ëmmer méi klangstaark Instrumenter op de Maart bruecht. Fir d'Spezialisten aus dem Barock kommen déi modern Instrumenter net a Fro. Si hu sech op d'Sich vun der Virleefer gemaach, vun den Holzblosinstrumenter mat engem gréisstendeels eegenen Naturklang.