Das musikalische Pompeji
L'Arte del Violino
9 min
Daarmsäiten, e spezielle Bou, eng aner Stëmmung: Wann e Geiist haut wëllt Musek aus dem Barock spillen, an dat méiglechst no um Originalklang, muss hien eng ganz Partie Facteure consideréieren an och seng Spilltechnik adaptéieren. Eng Hëllef kënnen, nieft de Spezialisten aus dem Fach, och déi sëlleg Methode sinn, déi am 17. Joerhonnert fir d'Geie-Spill erauskoumen. Um Enn gëtt et dann awer vläicht méi Froe wéi Äntwerten, well d'Praxis viru méi wéi 300 Joer alles anescht wéi genormt an uniform war, mee regional ganz ënnerschiddlech konnt sinn.