Das musikalische Pompeji
Freedefeier an déi passend Musek
9 min
De Georg Friedrich Händel gouf zu Liefzäiten an England bal wéi e Popstar veréiert. Bis haut gehéiert den Händel fir vill Britte grad esou zu hirem Land wéi de Roastbeef, Fish and Chips oder Cheddar. Vill vu senge Melodië sinn esou brittesch, dat ee glat vergësst, datt den Händel eigentlech en däitsche Komponist ass - iwwregens gouf hien dat selwecht Joer gebuer wéi de J.S. Bach - nämlech 1685. Zu senge populäerste Kompositioune gehéiert d'"Music for the Royal Fireworks". Den Händel wollt an deem Wierk am Fong keng Militärinstrumenter asetzen, huet sech awer missen un d'Uerder vum Kinnek George II. halen.