Presserevue

Vun enger "gewoter Strategie" schreift haut d'Lëtzebuerger Wort: an der Corona-Kris géif Lëtzebuerg vill testen a géif awer zum Risiko-Gebitt deklaréiert ginn. Vum Auswärtigen Amt zu Berlin koum jo gëschter eng Reeswarnung: vun "net noutwendegen" Openthalter zu Lëtzebuerg gouf ofgeroden.


Déi méi héich Infektiounszuelen hätten als Konsequenz, datt d'Robert-Koch-Institut, Lëtzebuerg als Risikoland klasséiert huet a viru Reesen an de Grand-Duché gewarnt gëtt.


Wien an Däitschland reest, misst eng Quarantän a Kaf huele, warnt d'Lëtzebuerger Wort. D'Grenze géifen awer op bleiwen.


D'Entscheedung aus Däitschland, dierft d'Pläng vu villen Touristen aus Lëtzebuerg iwwert de Coup geheien. Däitsche wiere just nach kuerz Visitte vu maximal dräi Deeg zu Lëtzebuerg erlaabt.


Fir Grenzgänger géifen et keng Limitatioune ginn, notéiert d'Wort.


Le pays placé en isolement", esou dann den Titel vum David Marques sengem Editorial am Quotidien.


Den Isolement vu Lëtzebuerg wier haut e Fakt: déi éischt gréisser "Post-Noutstand-Epreuve" géif op d'Regierung waarden.


Den Editorialist schreift vun engem "beonrouegende Bilan" bei den Nei-Infektiounen an Hospitalisatiounen hei am Land, mat als Konsequenz de Reaktiounen aus der Belsch an aus Däitschland.

Episoden

Editioun 8:15

Soll d'Regierung d'Subventioun op de Petrolspräisser weiderféieren oder net? An: ass "Resilienz" elo wuel dat neit Moudewuert? Dat si weider Theemen an der Press vun haut.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7:15

Ontransparenz bei Télétravail an Home Office beim Staat, "Resilient" als neit Moudewuert, an Onkloerheeten bei de Reglementer tëschent der AMMD an der CNS - Sujeten vun haut.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 08:15

D'Roll vum Sport am Staatsbudget an d'Studenteprotester a Frankräich - dat si weider Theemen an der Press vun haut.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

Eng méiglech Faillite vum Betrib "Salaisons Meyer" an der Tilly Metz hir Kandidatur als Vizepresidentin vum Europaparlament - dat si Sujeten an den Zeitungen vun haut.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 08:15

Duelem huet als eenzeg Gemeng nach kee PAG, an zu Esch waarde Keefer op hir Wunnengen am Projet "L'Adresse" - dat si weider Theemen an den Zeitunge vun haut.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 07:15

D'Resultater vun der Sonndesfro sinn een Haaptthema an der nationaler Press vun haut.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 08:15

D'Wunnengskris ass en Dauertheema an den Zeitungen, déi mathëllefen no méigleche Léisungen ze sichen, an och Gewalt gëtt ëmmer méi en Dauertheema
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

Soll Lëtzebuerg sech en eegene Sanktiounsmechanismus ginn a kënnegt sech e waarmen Hierscht un? Dat si Froen, iwwer déi d'Zeitungen sech Gedanke maachen
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 08:15

Mat ënner anerem de Sujeten Affär Déifferdeng, Affär Fridman an Äddi Bob Jungels
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 07:15

Mat ënner anerem de Sujeten Affär Déifferdeng, Affär Fridman an Äddi Bob Jungels
headphones

4 min

play_arrow

Editioun vum Weekend

D'Schülerprotester a frankräich an e manktem u Räim fir d'Kultur - dat si Sujeten an der Press vum Weekend.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 08:15

En Audit op der Uni, Hannergrënn vun der Affär Fridmann an e soziale Budget, dat sinn d'Theemen an der Presserevue
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

E Noutfallkit fir schlëmm Zäiten, en Audit fir d'Uni an eng Kamera fir d'Sécherheet, dat sinn d'Theemen an der Presserevue
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 08:15

Commentairen zu der Presentatioun vum Budgetsprojet stinn de Moien am Mëttelpunkt vun der Presserevue
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 07:15

Commentairen zu der Presentatioun vum Budgetsprojet stinn de Moien am Mëttelpunkt vun der Presserevue
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 08:15

Déi schwéier Sich no Hëllef bei psychesche Problemer, en Harceleur an der Stad an nei Informatiounen zur Déifferdenger Geld-Affär, dat sinn d'Theemen an der Presserevue
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

Schülerprotester an den Impakt op Lëtzebuerg, Neies an der Déifferdenger Geld-Affär an de Joresdag vun den Attacke vum 7. Oktober, dat sinn eis Theemen haut an der Presserevue
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 08:15

Auslännesch Influencer, déi am Optrag vum Staat Lëtzebuerg als Touristendestinatioun promouvéieren an eng DP-Deputéiert, déi an Tansania wot, zu hirer Homosexualitéit ze stoen
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

Déi verbrannte Läichen zu Bartreng, de Lëtzebuerger Geschäftsmann Pierre Grotz viru Geriicht zu Marseille an d'Bedruchsaffär zu Déifferdeng sinn Theemen
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 08:15

De pinken Oktober an de Broschtkriibslaf de Weekend sinn Theema an den Zeitungen, mat Temoignagë vu Betraffenen a Leitartikele mat Opriff, sech depistéieren ze loossen
headphones

4 min

play_arrow