Panorama


Revirement an der Diskussioun ronderëm d'Klima-Manifestatioun muer. Anescht wéi Uganks vum Educatiounsministère virginn sollen d'Schüler muer net automatesch een non-excusé opgeschriwwe kréien, wa si un der Manifestatioun Deel huelen.

D'Regierung huet wëlles eng nei ëffentlech-rechtlech Tëleeschaîne ze schafen, war haut no der zoustänneger Chamberkommissioun gewuer ze ginn.

De Schued, deen duerch d'Auslafe vun net-traitéiertem Waasser an der Uelzecht entstanen ass, wier méi grouss wéi bis ewell ugeholl, seet de Gusty Graas, Schäffen an der Gemeng Beetebuerg.

Am August hunn 183 Mënschen hei am Land Asyl ugefrot.

De Kollektiv "Stop Knauf Illange" huet haut, zesumme mat 4 Stéit aus der Gemeng Illange, bei Diddenuewen a Frankräich, virum Verwaltungsgeriicht zu Stroossbuerg Recours géint de Buergermeeschter vun der Gemeng ageluecht. Si reprochéieren him Muechtmëssbrauch.

Den 23. Oktober wäert d'Europaparlament iwwert déi nei EU-Kommissioun ofstëmmen. Dat huet d'Parlament zu Stroossbuerg haut matgedeelt.

Déi fréier Chefin vun der rumänescher Anti-Korruptiounsagence, Laura Kövesi, kéint déi éischten Europäesch Procureur ginn. De Moien hunn eng Majoritéit vun den EU-Ambassadeure fir si gestëmmt.

Vun haut un a bis Enn vum Mount wëlle Ryanair-Piloten a Spuenien streiken.

An Israel revendiquéiere souwuel den aktuelle Premier Benjamin Netanjahu wéi och de fréiere Militärchef a Chef vun der Oppositioun Benny Gantz de Poste vum Premierminister fir sech.

De fréiere Staatschef vun Tunesien, Zine el Abidine Ben Ali, ass dout. Hien ass am Alter vun 83 Joer a sengem Exil a Saudi-Arabien gestuerwen.


Episoden

Owespanorama

LuxPort-Direkter: Camionen si keng alternativ zur Schëffahrt / Natur&Ëmwelt wiert sech géint Contournement Alzeng / Kolumbien: 181 Doudesaffer duerch Äerdbiewen
headphones

11 min

play_arrow

Mëttespanorama

Wéinst "Schock-SMSen“: Mann zu Lëtzebuerg ugeklot / natur&ëmwelt ass géint de geplangte Contournement vun Alzeng / Fréiere syresche President al-Assad zum Doud verurteelt
headphones

13 min

play_arrow

Moiespanorama

Dréchent: Akut Situatioun an England a Frankräich / Kolumbien: Bilan vum Äerdbiewen op 132 Doudeger geklommen / Liichtathletik-EM: 6. Plaz fir Patrizia van der Weken op 100 Meter
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Dréchent: Akut Situatioun an England a Frankräich / Kolumbien: Bilan vum Äerdbiewen elo 132 Doudeger / Liichtathletik-EM: 6. Plaz fir Patrizia van der Weken op 100 Meter
headphones

11 min

play_arrow

Owespanorama

Schëffer kéinte méiglecherweis net méi duerchgoend um Rhäin fueren / Lëtzebuerger Sänger Venant Arend am Alter vun 91 Joer gestuerwen / Kolumbien: schwéiert Äerdbiewen
headphones

10 min

play_arrow

Mëttespanorama

Neie Jugendprisong warscheinlech net viru Mëtt 2028 prett / Nei Bëschfeieren an Andalusien an a Griichenland ausgebrach / Fussball: Aggressioune beim Match Jeunesse géint Biissen
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Wäermste Juni a Juli a Westeuropa jeemools / Attacken op Giischtercher: Goufe méi agressiv, esou Direkter / Tour de France Fraen: Schlussvictoire fir Demi Vollering
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Hëtzt: Europa steet viru fënnefter Hëtztwell dëst Joer / EU-Klimaservice: Wäermste Juni a Juli a Westeuropa jeemools / Pentagon: US-Waffefirme solle méi séier Waffe produzéieren
headphones

11 min

play_arrow

Mëttespanorama

Iran stellt Conditiounen un d'USA fir d'Ouverture vun Hormus / Paräis: zënter gëschter Helmflicht fir elektronesch Trottinetten / Spannend Schlussetapp am TdF vun de Fraen
headphones

8 min

play_arrow

Moiespanorama

Ukrainesch Dron trëfft Bulgarien / Fifa dreet Kritiker a stellt sech op en Neits hanner Gianni Infantino / Spannend Schlussetapp am TdF vun de Fraen
headphones

8 min

play_arrow

Owespanorama

AMMD ënnerschreift d'Konventioun mat der CNS net / Decisioun vu britteschem Ieweschte Geriicht huet Konsequenze fir Transleit / Spuenesch Police zerschléit Schleiserband
headphones

10 min

play_arrow

Mëttespanorama

AMMD-Newsletter: "Mir ënnerschreiwe keng nei Konventioun mat der CNS " / Spuenie féiert Grenzkontrolle mat Italien an / US-Senat stëmmt nei Sanktioune géint Russland
headphones

9 min

play_arrow

Moiespanorama

Housen: Schold war den Eichenprozessionsspinner / Minett-Kompost: keng séier Léisung fir de Methaniséierungsprozess  / Spuenie mécht elo och Grenzkontroll fir Leit aus Italien
headphones

9 min

play_arrow

Owespanorama

Kee Presswaasser vu Minett Kompost a Kanalisatioun méi / Isabelle Wiseler-Lima: Ceuta war eng Attack op d'EU / Tierkei, Pakistan a Saudi-Arabien hu Militärpakt decidéiert
headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

Housen: Eichenprozessionsspinner Ursaach fir Ausschlag bei Kanner / Schéisserei Bangkok: Aacht Doudeger, dorënner fënnef Enseignanten / Meta: Strof vu 567 Milliounen Dollar
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Housen: 5 Kanner a 4 Educateure koumen an d'Spidol, no Hautausschlag / Permanent nei Wiederrekorden an Europa / Russesch Reseaue mësche sech an de franséische Walkampf an
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Housen: 5 Kanner a 4 Educateure koumen an d'Spidol, no Hautausschlag / Permanent nei Wiederrekorden an Europa / Russesch Reseaue mësche sech an de franséische Walkampf an
headphones

11 min

play_arrow

Owespanorama

Dréchent: Peegelstänn vu Baachen a Flëss extreem niddereg / Vandalismus: 60 Griewer um Kierfecht zu Beetebuerg beschiedegt / UEFA drot weider mat Boykott
headphones

11 min

play_arrow

Mëttespanorama

Beetebuerg: Vandalismus um Kierfecht / Dréchent: Drénkwaasser kéint an Zukunft knapp ginn / Hëtztwell Juni: 9.600 Doudeger an Däitschland
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

D'Online-Banking-App vun der Post soll e Méindeg nees fonctionéieren / Läschmaterial: d'Air Rescue beschwéiert sech iwwer de CGDIS / D'FIFA Spëtzt steet hanner Gianni Infantino
headphones

11 min

play_arrow