Panorama


Revirement an der Diskussioun ronderëm d'Klima-Manifestatioun muer. Anescht wéi Uganks vum Educatiounsministère virginn sollen d'Schüler muer net automatesch een non-excusé opgeschriwwe kréien, wa si un der Manifestatioun Deel huelen.

D'Regierung huet wëlles eng nei ëffentlech-rechtlech Tëleeschaîne ze schafen, war haut no der zoustänneger Chamberkommissioun gewuer ze ginn.

De Schued, deen duerch d'Auslafe vun net-traitéiertem Waasser an der Uelzecht entstanen ass, wier méi grouss wéi bis ewell ugeholl, seet de Gusty Graas, Schäffen an der Gemeng Beetebuerg.

Am August hunn 183 Mënschen hei am Land Asyl ugefrot.

De Kollektiv "Stop Knauf Illange" huet haut, zesumme mat 4 Stéit aus der Gemeng Illange, bei Diddenuewen a Frankräich, virum Verwaltungsgeriicht zu Stroossbuerg Recours géint de Buergermeeschter vun der Gemeng ageluecht. Si reprochéieren him Muechtmëssbrauch.

Den 23. Oktober wäert d'Europaparlament iwwert déi nei EU-Kommissioun ofstëmmen. Dat huet d'Parlament zu Stroossbuerg haut matgedeelt.

Déi fréier Chefin vun der rumänescher Anti-Korruptiounsagence, Laura Kövesi, kéint déi éischten Europäesch Procureur ginn. De Moien hunn eng Majoritéit vun den EU-Ambassadeure fir si gestëmmt.

Vun haut un a bis Enn vum Mount wëlle Ryanair-Piloten a Spuenien streiken.

An Israel revendiquéiere souwuel den aktuelle Premier Benjamin Netanjahu wéi och de fréiere Militärchef a Chef vun der Oppositioun Benny Gantz de Poste vum Premierminister fir sech.

De fréiere Staatschef vun Tunesien, Zine el Abidine Ben Ali, ass dout. Hien ass am Alter vun 83 Joer a sengem Exil a Saudi-Arabien gestuerwen.


Episoden

headphones

10 min

play_arrow

Parquet: Fra gouf an der Groussgaass schro aggresséiert / USA féieren Douanestax vu 50% op Kanadesch Produiten an / Optakt vun der Vuelta: Favorit ass Slowen Tadej Pogacar
headphones

10 min

play_arrow

headphones

14 min

play_arrow

Mëttespanorama

Optakt haut vun der Schueberfouer / Waffestopp bei Berlin entdeckt / Saarland wëll iwwerregional Bëschbrandbekämpfung
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Héije Venn: Feier ënner Kontroll / D'Schueberfouer fänkt un / Argentinien: J. Milei iergert sech iwwer legal Ofdreiwungen
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Héije Venn: Feier ënner Kontroll / D'Schueberfouer fänkt un / Argentinien: J. Milei iergert sech iwwer legal Ofdreiwungen
headphones

10 min

play_arrow

Owespanorama

Feier am Héije Venn: kaum nach Auswierkungen op Lëtzebuerg / Aktivitéit am Mäerterter Hafe geet zréck / Nei Petitioun géint FIFA-Chef
headphones

12 min

play_arrow

headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Dampwollek: "Net optimal gelaf" - seet de S. Wilmes / Wirtschaftsministère: Engpäss bei de Pëtrolsproduiten ? / Vill Reen huet de Pompjeeën  an den Hautes Faignes hënt gehollef
headphones

10 min

play_arrow

Moiespanorama

Dampwollek: "Net optimal gelaf", seet de Serge Wilmes / Wirtschaftsministère: Engpäss bei de Pëtrolsproduiten? / Vill Reen huet de Pompjeeën am Héije Venn hënt gehollef
headphones

10 min

play_arrow

Owespanorama

Aussergewéinlech Situatioun bei Pëtrolsversuergung / No Bränn an der Belsch: Loftqualitéit am Norde gutt / Hautes Fagnes: Awunner däerfen zréck an hir Haiser
headphones

14 min

play_arrow

Mëttespanorama

AMMD-President kritiséiert CNS an d'Politik / Däitschland wëllt seng Grenzkontrolle verlängeren / Burnham versprécht: Bis Chrëschtdag soll kee méi mussen op der Strooss schlofen
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Den AMMD-President Chris Roller kritiséiert d'CNS an d'Politik / Feier Belsch: Huet sech net ausgebreet, mee net ënner Kontroll / Bob Jungels: Hält mat Vëlo-Profikarriär op
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Däitschland: Wëllt Grenzkontrolle bis Mäerz verlängeren / Feier Belsch: Huet sech net ausgebreet, mee net ënner Kontroll / Bob Jungels: Hält mat Vëlo-Profikarriär op
headphones

12 min

play_arrow

Owespanorama

Bëschbrand Héije Venn: entscheedenden Dag / Iwwer 430 Persounen hu vum Plan canicule profitéiert / Labos-Federatioun huet Konventioun mat CNS gekënnegt
headphones

12 min

play_arrow

Mëttespanorama

Wéi geféierlech sinn d'Bëschbränn / Uebst- a Geméisproduzente fuerderen nohalteg Waasserstrategie / Sträit tëschent AMMD an CNS: der Regierung hir Linn ass kloer
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Damp vum Feier an der Belsch: Gesondheetsministerin verdeedegt Kommunikatioun vun der Regierung / Feier Héije Venn (BE): Nach net fixéiert, haut gëtt vill Wand, mee och nees Reen
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Regierungsrot: Huet Reglementer ugeholl fir Konventioun tëschent CNS an AMMD ze ersetzen / Feier Héije Venn (BE): Nach net fixéiert, haut gëtt vill Wand, mee och nees Reen erwaart
headphones

12 min

play_arrow

Owespanorama

Bëschbrand Belsch huet Impakt op Loftqualitéit/ Kritik un LU-Alert-Warnung / Lecornu kënnegt Hëllefen no Brand a Gironde a Landes un / Ukrain: Wierk vun ArcelorMittal beschiedegt
headphones

11 min

play_arrow

headphones

11 min

play_arrow