Panorama


Ronn 3.700 Leit hunn zejoert vu sougenannte Stock Options profitéiert - Wéinst der méi niddereger Besteierung op dësem Revenu huet de Staat op 135 Milliounen Euro Recettë verzicht

D'Waasserverwaltung warnt - et soll een net an de Séi vu Wäisswampech schwammen oder Boot fuere goen, wéinst der Präsenz vu Cyanobakterien, de sougenannte Blo-Algen

Hefteg Wiederen Ufank Juni, duerno Dréchent an extrem héich Temperaturen: De Summer war bis elo an Zwee gespléckt an dat huet Auswierkungen op d'Landwirtschaft

D'Wiederkonditiounen hunn och en negativen Impakt op d'Pegelen an de lëtzebuergesche Flëss a Baachen an op d'Planzen an d'Déieren, déi hei liewen - et soll een op kee Fall Waasser ofzapen, warnt den Ëmweltministère

An de leschte Woche gouf et eng Dose Flächebränn zu Lëtzebuerg, awer bis elo keng Bëschbränn

Iwwermuer hunn d'Mënschen all d'Ressourcen um Planéit verbraucht, déi bannent engem Joer kënnen erneiert ginn - dat behaapt d'ONG Global Footprint Network an hirem neiste Bilan fir de sougenannten Earth Overshoot Day

"Méi mat manner", dat war de Message haut bei der Presentatioun vum Ecopark Wandhaff, d'Zil vum Projet ass et, déi méi wéi 50 Hektar grouss Industriezon um Wandhaff ze reamenagéieren

Well iwwer drësseg Prozent vun de Liewensmëttel aus der EU importéiert ginn, muss Groussbritannien ufänken, un aner Léisungen ze denke fir de Fall vun engem No-Deal Zeenario

Am Simbabwe sinn haut Presidentschaftswahlen, déi éischt no der Ära vum autoritäre Robert Mugabe, de Favorit ass dem Mugabe seng fréier riets Hand Emmerson Mnangagwa

Vun nächstem Wanter u flitt d'Luxair op Marrakesch a vum Summer 2019 u flitt d'Luxair op Mara Alam an Ägypten, Split a Kroatien a Mahón op der spuenescher Insel Menorca


Episoden

Owespanorama

2026 gëtt Rentrée vun der Gerechtegkeet / Luxmobil 2025: Residenten zefridde mat Trajet op d‘Aarbecht / EZB erhéicht Leetzëns op 2,5%

Mëttespanorama

Emweltminister gesäit Regirung op guddem Klima-Wee / Staat wëll Spideeler bei Canicule-Mesüren hëllefen / Zuel vun Asyldemnaden an der EU geet weider zrëck
headphones

10 min

play_arrow

Moiespanorama

OGBL-SEW: Schaarf Kritik um Projet Alpha / Dréchent Wieder, schlecht Recolte: Hausse vun de Präisser op de Liewensmëttel / Kopernikus: Temperaturrekord am August
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

OGBL-SEW: Schaarf Kritik um Projet Alpha / Dréchent Wieder, schlecht Recolte: Hausse vun de Präisser op de Liewensmëttel / Kopernikus: Temperaturrekord am August
headphones

11 min

play_arrow

Owespanorama

Cyberattack BMS: et goufe keng Dateleaks / Schoulrentrée: SEW/OGBL kënnt mat Kritik / Zu Oslo war d‘Staatsbegriefnes vum Kinnek Harald
headphones

14 min

play_arrow

Mëttespanorama

Caude Meisch wëll manner Handy an de Schoulen / Bundeskenzler an AFD streiden am Bundestag / Israelesche Premier wëll Zeitung Haaretz verkloen
headphones

10 min

play_arrow

Moiespanorama

PISA Etüd: Educatiounsminister däit méi strengen Handyverbuet a Schoulen un / Neie Lëtzebuerger Pass: Ka net iwwerall automatesch gelies ginn / USA-Iran: Nei géigesäiteg Attacken
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

PISA Etüd: Kritik vun SEW-OGBL un Educatiounspolitik / Neie Lëtzebuerger Pass: Ka plazeweis net automatesch gelies ginn / USA-Iran: Weider géigesäiteg Attacken
headphones

12 min

play_arrow

Owespanorama

PISA-Resultater: Oppositioun a Gewerkschafte fuerdere Moossnamen / FT Bericht: CSSF a Parquet enquêtéieren / Haaretz: Israeelesche Premier virun Attack vu 7. Oktober 23 gewarnt
headphones

14 min

play_arrow

Mëttespanorama

Neie PISA-Schock: Lëtzebuerg ënnert OECD-Moyenne / Mistral AI: Lëtzebuerg huet 10 Milliounen Euro investéiert / Zwee Renoir-Tableau aus Musée geklaut
headphones

14 min

play_arrow

Moiespanorama

Luc Frieden zu Singapur: Premier weit SES Büro an / Pisa Etüd 2025: Resultater ginn de Moie presentéiert / Kiew: Nei russesch Attacken no dräi Deeg Paus
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Luc Frieden zu Singapur: Premier weit SES Büro an / Pisa-Etüd 2025: Resultater ginn de Moie presentéiert / Kiew: Nei russesch Attacken no dräi Deeg Paus
headphones

12 min

play_arrow

Sachsen Anhalt: Schwéier Regierungsbildung fir AFD / Lëtzebuerg a Singapur: Finanzen, KI, Cybersécherheet a Satellitten / EU investéiert 200 Milliounen op Grönland
headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

Premier Frieden bedauert Resultat vun der AfD a Sachsen-Anhalt / Ukrain: Selenskyj stellt sech op haarde Wanter an / Serbien: Krichsverbriecher Mladic mat héchsten Eiere begruewen
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Landtagswal Sachsen-Anhalt: Rietsextreem AfD ass klore Gewënner, mee kritt keng absolut Majoritéit / Temps partiel familial: Keng Plus-value fir d‘Beschäftegt, kritiséiert den OGBL
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Landtagswal Sachsen-Anhalt: Rietsextreem AfD ass klore Gewënner, mee kritt keng absolut Majoritéit / Temps partiel familial: Keng Plus-value fir d‘Beschäftegt, kritiséiert den OGBL
headphones

11 min

play_arrow

AFD an de Sondagë bei Landtagswalen a Sachsen-Anhalt wäit fir / US-Beoptraagten zu Moskau a Kiew fir Gespréicher ëm Friddensaccord / Cap Vert: 25 Doudeger bei Busaccident
headphones

11 min

play_arrow

Landtagswalen a Sachsen Anhalt Rietsextreem AFD a Sondagë wäit fir / Brittesch rietspopulistesch Reform UK Partei a Schwieregkeeten / US-Beoptraagten a Russland an an der Ukrain
headphones

10 min

play_arrow

Owespanorama

Pro-Demokratie-Demo zu Mageburg / US-Vermëttler zu Moskau a Kiew / Saison vum T. Pogacar ass eriwwer
headphones

10 min

play_arrow

Parquet: 12 Järege gëtt wéinst sexueller Belästegung zu Beetebuerg verdächtegt / Wéinst Mangel u Plaz an UNISEC kommen 3 Meedercher an de Prisong / Landtagswalen a Sachsen Anhalt
headphones

12 min

play_arrow