Beim éischte Concert aus der neier Saison vun de Lëtzebuerger Philharmoniker steet den neie Geieconcerto vum Georges Lentz um Programm. Lauschtert den Interview mam Lëtzebuerg Komponist deen Haaptberufflech am Sydney Symphony Orchestra Gei spillt. De Concert gëtt live um opus 100,7 iwwerdroen.
Zanter 1990 wunnt de Georges Lentz an Australien. Do ass hie Geiist am Sydney Symphony Orchestra, a komponéiert och eege Musek. An de leschte fënnef Joer huet de Lëtzebuerger Museker ee Geieconcerto fir d‘Arabella Steinbacher geschriwwen. Dee Concerto gëtt haut den Owend (15.09.) an der Philharmonie gespillt, mat der Arabella Steinbacher als Solistin. Dem Marie Schockmel huet de Georges Lentz méi verroden.