Lëtzebuerg meets Däitschland

opus op Besuch beim WDR 3

De Luc Boentges vum opus war am Klassik Forum vum WDR 3 op Besuch.

auto_stories

1 min

Jörg Lengersdorf a Luc Boentges | © WDR 3
Jörg Lengersdorf a Luc Boentges (Foto: WDR 3)

Mam Jörg Lengersdorf, schwätzt de Luc Boentges am Klassik Forum vum WDR 3 iwwert d'musikalesch Villfalt an der Lëtzebuerger Klassikzeen.

Matbruecht huet de Luc dofir och extra Musek aus Lëtzebuerg vun de Komponist:innen Laurent Menager, Helen Buchholtz, Catherine Kontz, Claude Lenners, Ivan Boumans, Georges Lentz a Pascal Schumacher.

Natierlech interpretéieren dann och Lëtzebuerg Artiste wéi d'Cellistin Françoise Groben, d'Pianistin Cathy Krier oder de Pianist Jean Muller dës Musek. Mat dobäi och Orchesteren oder Ensembele wéi d'Lëtzebuerger Philharmoniker, d'Kammerata Lëtzebuerg, d'Solistes Européens du Luxembourg, United Instruments of Lucilin, den Orchestre National des Jeunes (ONJ) oder de Choeur de Chambre du Luxembourg.

Lauschtert hei an déi ganz Emissioun vum Klassik Forum eran!

Dem WDR 3 ee grousse Merci fir dëst Gespréich.