Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Georg Philipp Telemann - Sonata fir Blockflütt a Basso continuo an Do Majeur, TWV 41:C2, IV. Vivace - Tabea Debus (Blockflütt), Ensembel

play_arrow Live
opus

/ Jonken Duo voller Feier a Flam

Klassik Album vun der Woch

Jonken Duo voller Feier a Flam

De ganz neien Album “Sparks of Spirit” vum jonke Geschwësterduo “Klavierduo Neeb”

auto_stories

2 min

headphones

7 min

play_arrow

Lauschterenplay_arrow

 

Jonken Duo voller Feier a Flam

Schonn zanter hirer Kandheet spillen d’Sophie an de Vincent Neeb zesummen. Déi zwee si net nëmme Geschwëster mee och alle béid Pianisten – jonk Pianisten. D’Sophie huet em déi 24 Joer, an de Vincent ass 2 Joer méi al. Do passt och den Titel vum Album ganz gutt: “Sparks of Spirit”. Spark bedeit jo esouvill wéi e Funken, an den Duo spillt op dësem Album voller frëscher a jonker Energie - bal wéi Feierfonken déi dauernd an d’Luucht sprangen.

 

Scho vill Präisser an den Täschen

D’Sophie an de Vincent Neeb hu scho mat 13 a 15 Joer hiren éischte Museksconcours zesumme gewonnen. Dat war dee vum Internationale Klavierduo-Festival Bad Herrenalb an Däitschland. Zanterhier hunn déi zwee sech och vill weider däitsch an international Präisser verdéngt.

 

Wéi aus zwou Hänn

Déi zwee Geschwëster spillen an esou enger gudder Harmonie, datt ee bal mengt, et géifen nëmmen zwou amplaz véier Hänn um Fligel spillen. Si loossen all Musek immens einfach klengen, an dat obwuel dacks vill Konzentratioun a Virtuositéit gefrot ass.

 

E wëlle Mix u Komponisten

Op hirem neien Album spillen d’Sophie an de Vincent Neeb Musek vu véier ganz verschiddene Komponisten. Nieft dem Bach sinn och de Schubert, de Reger an de Rachmaninoff dobäi. Soumat ass et ass eng musikalesch Entdeckungsrees duerch verschidden Epochen. Dëst ass en Album voller musikalescher Kontraster, bei deenen een definitiv Loscht kritt op all zukünfteg Produktioune vum Klavierduo Neeb – an déi wäerten net laang op sech waarde loosse bei den zwee jonke Museker.