Déi zwee Chéier 'Ambitus' (Dirigent: Roby Schiltz) an 'Ensemble Vocal du Luxembourg' (Dirigent: Matthias Rajczyk) kooperéieren am Joseph Haydn sengem Oratorium 'Die Schöpfung'. Instrumental ënnerstëtzt ginn d'Sängerinnen a Sänger vum Estro Armonico (kënschtleresche Leeder: Guy Goethals). De gesamte Concert steet ënnert der musikalescher Leedung vum international gefeierte Lëtzebuerger Dirigent Pierre Cao.
De Christophe Mirkes huet sech mam 86 Joer alen Dirigent an der Loge vum Auditoire am Stater Conservatoire getraff. Si schwätzen iwwert 'Die Schöpfung' an iwwer dem Pierre Cao seng Verbindung zu Lëtzebuerg.