Op der neier Bréck iwwer d'Uelzecht, vun Heeschdrëff op Steesel, erkläert d'Buergermeeschtesch Manon Kolber, datt déi Bréck am Kader vun der Renaturéierung gebaut gouf.
"Hei gouf e Meander agesat, wou fréier d'Uelzecht riicht war. An do hu mir dann och een neie Foussgängerwee dozou amenagéiert."
D'Manon Kolber ass zënter leschtem Joer Steeseler Buergermeeschtesch. Si gesäit déi éischt Resultater vun der Renaturéierung positiv.
"Wat fir eis dee wichtegsten Effekt ass, ass déi Affär mat fir méi Plaz fir d'Waasser ze schafen. Mir hu relativ heefeg Héichwaasser oder Héichwaasserrisiko."
Méi Raum fir d'Waasser schafen
Doduerch, datt d'Uferberäicher méi breet ugeluecht sinn, an d'Uelzecht hei eng Schläif zitt, wier eng gréisser Retentiounsfläch entstanen - d'Waasser ka sech besser ausbreeden.
"Et ass wéi et eeben an der Buedbidden. Wann d'Buedbidde voll ass, da leeft se iwwer. Also musse mir kucken, datt mir méi Raum fir d'Waasser kënne schafen. An dat hu mir natierlech elo gemaach duerch dee Meander."
An d'Renaturéierung huet nach aner Avantagen. D'Gewässerqualitéit gëtt besser, wann d'Waasser nees méi natierlech ka fléissen. Fir Planzen an Déieren entsteet ee méi attraktive Liewensraum. A fir d'Mënschen een No-Erhuelungsgebitt.
"Et war fréier och scho flott, mee et ass awer elo méi schéin, et ass méi Natur no, déi huet een e bësse méi (...) Ofwiesslungsräichtum."
Terraine vu Bauere gi gebraucht
Et wier awer leider nach net fäerdeg, esou d'Manon Kolber. Effektiv ass de Projet nach laang net ofgeschloss. De Groussdeel feelt nach.
"Am Ganzen erstreckt dee Projet sech iwwer ee Kilometer ewech. An dee geet bis op d'Mëllreffer Bréck. A mir sinn elo hei eeben an der Phas 1. An do kéimen u sech nach méi Meanderen an deenen aner Phasen zesummen."
Renaturéierunge si schwiereg ëmzesetzen, notamment well d'Gemengen als éischt Terraine laanscht d'Flëss mussen opkafen. Hei zu Steesel wieren direkt e puer Bauere concernéiert, wann de Rescht vum Projet géif ëmgesat ginn. Nach huet d'Gemeng d'Proprietären awer net kontaktéiert, well onkloer ass wéi et hei soll weider goen.
De Projet wier nach net ganz vum Dësch, esou d'Manon Kolber.
"Mee en ass rapportéiert. En ass pauséiert."
D'Manon Kolber verweist drop, datt d'Gemeng aner Prioritéiten huet fir beim Héichwaasserschutz virun ze kommen. Well net just d'Uelzecht ass ee Risiko, och hir Niewebaachen, déi grad bei Staarkreen zu Iwwerschwemmunge bäidroen.
Um Wupp vum Duerf weist d'Buergermeeschtesch d'Kléngelbaach. Déi kënnt vum Briddel erof op Steesel, wou se da fir heefeg Iwwerschwemmunge suergt.
"Wat een hei ganz gutt gesäit ass, dass hiert Bett wierklech immens kleng an enk ass an datt et zougewuess ass an datt et dofir e bësse schwiereg ass, wa se dat ganzt Waasser do muss mat sech féieren."
Et feelt u Suen
Dat soll duerch eng Renaturéierung vun där klenger Baach verbessert ginn. Als éischt gëtt dofir awer nach eng Staarkreen-Etüd gemaach.
"Dat hei huet fir eis elo Prioritéit aus deem ganz einfache Grond, datt et ëmmer méi staark Reenevenementer ginn an dat hei ass fir eis eng kruzial Plaz, wat dat ugeet, a mir mussen eis Populatioun schützen."
Fir gläichzäiteg och d'Renaturéierung vun der Uelzecht virun ze dreiwen, feelen der Gemeng d'Moyenen, seet d'Manon Kolber.
D'Europäesch Investmentbank géif dat droen, géif ëmmer gesot ginn, esou d'Manon Kolber.
"Jo, si hunn néng Millioune gestëmmt fir de Projet. Et ass net, datt si da soen, mir bezuelen dat an dir sitt dann hei raus. Nee, mir mussen dat virstrecken an d'Terraine bezuele se souwisou net, soudatt een dat net alles ka beienee maachen. Dat ass net méiglech."
D'Uelzecht muss sech also gedëllegen. Zu Steesel, grad wéi op villen anere Plazen am Land, wou Renaturéierungsprojete geplangt sinn awer just lues viru kommen.
Ass d’Uelzecht nach ze retten? Ëm déi Fro geet et an eiser aktueller Serie vum Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast.